Legend Holdings

Vu Wikipedia

Legend Holdings Corporation ass e chinesche Finanzgrupp, deen 1984 vum Liu Chuanzhi an 10 anere Fuerscher vum Computing Institute vun der Chineesescher Wëssenschaftsakademie gegrënnt gouf.[1]

Legend ass zu 31,5% un der Informatik- a Computerfirma Lenovo bedeelegt. Zanter den 2000er Joren huet et och Participatiounen an de Beräicher Immobilien, Venture capital a Private equity, via Duechterfirme wéi Legend Capital (zanter 2012: Junlian Ziben), Raycom Real Estate Development oder Hony Capital. An den 2010er Joren, no enger Kapitalerhéigung bei där China Oceanwide Holdings (och eng staatlech Holding) mat erageklommen ass, huet Legend Holdings sech op weider Beräicher ausgebreet, wéi dee vun de Liewensmëttel (Joyvio Group, Funglian Holdings), der Chimie (Levima Group), Finanzdéngschtleeschtungen (Lakala, Union Insurance Broker, Zhengqi Financial), dem Verloune vun Autoen (China Auto Rental), Fleegeservicer (EnsenCare, Bybo Dental) oder der Logistik (Zeny Supply Chain).

Den 1. September 2017 huet d'BIL ugekënnegt, datt Legend Holdings déi 90% vun hirem Kapital, dat bis dohin Precision Capital gehéiert huet, iwwerhuele géif.[2]

Zanter 2015 ginn d'Aktie vu Legend Holdings Corporation op der Bourse vun Hong Kong gehandelt. De Gank op d'Bourse huet dem Grupp eng 2 Milliarden US-Dollar abruecht.

2016 hat Legend Holdings en Nettoresultat vu 710,7 Milliounen US-Dollar, bei engem Ëmsaz vu 46 Milliarden Dollar.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Jean-Michel Gaudron: "Legend Holdings, de Lenovo à la Bil." paperjam.lu, 01 Septembre 2017 16:04.
  2. "Legend Holdings übernimmt die Anteile von Precision Capital an der Banque Internationale à Luxembourg." Communiqué op bil.com, 01.09.2017.