Charles Collart
| Charles Collart | |
|---|---|
| Gebuer |
12. Februar 1829 Dummeldeng |
| Gestuerwen |
15. Juni 1910 Dummeldenger Schlass |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Schmelzhär |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Gielercher | Officier vum Ordre de la couronne de chêne |
| Famill | |
| Papp | Charles Joseph Collart |
| Geschwëster | Jules Collart |
|
| |

De Charles Collart, gebuer den 12. Februar 1829 zu Dummeldeng, a gestuerwen de 15. Juni 1910 am Dummeldenger Schlass[2], war Schmelzhär zu Dummeldeng.[3] Hien huet am Dummeldenger Schlass gelieft.
Hie war Schäffe vun der Gemeng Eech a spéider Deputéierten an der Chamber vun 1854 bis 1856 an duerno vun 1867 bis 1896[4].
Mat sengem méi jonke Brudder Jules huet hien d'Gesellschaft Charles & Jules Collart gegrënnt, déi 1856 d'Stengeforter Schmelz iwwerholl huet. D'Gesellschaft huet och Minièren zu Esch-Uelzecht exploitéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Al Schmelz.
De 17. Mee 1854 gouf hien zu Walfer mat der Henriette d'Anethan (1832-1908) bestuet.
1872 waren de Charles Collart a säi Brudder, grad ewéi den Thomas Byrne, Matgrënner vun der Société des hauts-fourneaux de Rodange. 1884 war hie President vum Verwaltungsrot.
No sengem Doud gouf d'Gesellschaft a Jules Collart & Cie ëmbenannt.
Seng Eltere waren de Jean Carl Joseph Collart (1775-1841) an d'Anne-Marie Laval (1801-1882).
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1874)[5]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Wou hien da Charles-Joseph heescht...
- ↑ Doudesannonce vum Charles Collart. viewer.eluxemburgensia.lu 3. L'Indépendance luxembourgeoise (16.06.1910). Gekuckt de 06.09.2025.
- ↑ "Né le 12 février 1829 - Dommeldange (Gd-Duché-du-Luxembourg) / Décédé le 15 juin 1910, à l'âge de 81 ans / Maitre de forges au Luxembourg / Parents: Charles-Joseph COLLART de DOMMELDANGE 1775-1841 & Anne-Marie LAVAL 1801-1882 / Marié le 17 mai 1854, Walferdange (Gd-Duché-du-Luxembourg), avec Henriette d'ANETHAN 1832-1908" Text vu geneanet.org
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart:Liste alphabétique des députés (1842-1994) La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 512-513
- ↑ (fr) Avis. — Ordres de la Couronne de chêne et du Lion d’or de Nassau.. viewer.eluxemburgensia.lu 3. Mémorial (08.08.1874). Gekuckt de 06.09.2025.
