Minière Huttbierg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Minière Huttbierg, och nach Schmelzerbierg genannt, war vun 1870 bis 1978 eng Minière zu Rëmeleng.

Konzessioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Konzessioun gouf 1867 vum Apdikter, Gas- an Zementfabrikant Frédéric Fischer ugefrot.

Iwwergaange ass se awer un déi spéider Hauts-Fourneaux de Rumelange an den Nicolas Gonner-Nau, deen och Gesellschafter an där éischtgenannter war a seng Grouwen no sengem Doud duerch eng Stee 1911 u si ofginn huet.

No enger Fusioun 1905 mat der saarlännescher St. Ingbert zu der Société anonyme des Hauts-Fourneaux et Aciéries de Rumelange - St.Ingbert, déi vun 1911 bis 1919 vun der Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG iwwerholl gouf, goung se 1920 an der HADIR op. Déi ass 1967 selwer vun der ARBED iwwerholl ginn.

Exploitatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Minièrë goufen zanter 1870 exploitéiert. Direkt donieft am Dall gouf d'Rëmelenger Schmelz gebaut an d'Minett hat et vun 1872 un net méi wäit fir geschmollt ze ginn. Zanter 1882 ass se iwwer eng Seelbunn ("Rëtsch") direkt an den Héichuewe bruecht ginn.

1887 gouf d'Galerie Huttbierg opgemaach, an de Bierg ass ëmmer méi e Schwäizer Kéis ginn. Uganks vum 20. Joerhonnert ass d'Minière zu 80% ënner Dag ofgebaut ginn.

Wéi d'Rëmelenger Schmelz kuerz nom Enn vum Éischte Weltkrich zougemaach gouf, ass d'Huttbierg-Minett an d'Déifferdenger Schmelz gaangen. Dat war uganks eng deier Affär, well d'Ramme mat Damplokomotiven iwwer eng 700mmm Fërderbunn gezu goufen, déi ënner der Partegrond-Bréck erduerch op den Déifebuer-Quai goung. Dou goufen d'Buggien an d'Talboten eidel gemaach, déi iwwer d'Eisebunnsdeelstreck Téiteng-Laangegronn a Richtung Déifferdeng goungen.

1932 huet den Huttbierg d'Produktioun wéinst der Weltwirtschaftskris stoppe missen, a just eng hallef Dosen Aarbechter si fir Ënnerhaltsaarbechten zréckbliwwen.

Bis 1937 hat d'Minettsgeschäft sech nees erholl, d'Galerie ass elektrifizéiert ginn, a se huet spéider als Tunnel gedéngt, fir d'Minett an de Laangegronn an dann duerch d'Konzessioun Laangegronn an Ëtteng III ze bréngen, vu wou aus eng Seelbunn bei d'Déifferdenger Schmelz goung.

Grad wéi och um Holleschbierg ass dunn alles ëmmer méi (a nom Krich exklusiv) a groussem Stil iwwer Dag gaangen. Den Huttbierg gouf souguer ee vun deene groussraimegsten Dagebaubetriber a ganz Westeuropa. Voléeë goufe geschoss, an DEMAG-Läffelbaggeren an no 1950 Marion 93 an 111 Baggeren hunn d'Minett a schwéier MAG an Tournarocs Camionen gelueden. Mat 10 Tonnen-Talbote goung et da wéi gesot duerch de Laangegronn bei d'Ëttenger Seelbunn, ier d'Arbed d'Talbote duerch hiren neien Tunnel Laangegronn-Burbacher Lach bei d'Brecheranlagen an Esch-Hiel geschéckt huet.[1]

1978 war et déi leschte Minière zu Rëmeleng déi zougemaach huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fernand Lorang, Kayltaler Memorabilien, 1985, S. 123-128