Diskussioun:Minière Huttbierg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Rëtsch?

Ech an nach nach e puer anner Leit aus der Rëmelenger Géigend hunn ëmmer gemengt d'Rëtsch wier déi aner Säit um Hesselsbierg gewiescht. --Les Meloures (Diskussioun) 11:51, 13. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech kéint op menger Säit nofroen. D'Info hunn ech aus der Brochure Rëmelenger Stadweeër Säit 27, mee vläit hunn déi sech geiert, kuck emol no. --Otets 18:59, 13. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Salut, ech hat dat do nogekuckt. Am Hesselbierg war eng richteg Rëtsch (Plan incliné) mat engem Bremsschapp gewiescht. Mä 't ass méiglech datt se alles esou genannt hunn, wat biergof gaangen ass. --Les Meloures (Diskussioun) 19:15, 13. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Bei mengem Nofroen ass och näischt derbäi erauskomm, d'Seelebunn war virum éischte Weltkrich an dat war duerno iergendwéi kee Begrëff méi. --Otets 10:32, 14. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Am Joerbuch 1985/86 vun der Stad Rëmeleng ass och eng Foto ënner deer "Rötsch" steet. --Otets 21:56, 2. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]