Franséische Pällem

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Franséische Pällem
Cleaned-Illustration Taxus baccata.jpg
Franséische Pällem
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Nolholzplanzen
Ënnerofdeelung Somplanzen (Spermatophytina)
Klass Coniferopsida
Uerdnung Koniferen (Coniferales)
Famill Taxaceae
Gattung Taxus
Aart Franséische Pällem
Wëssenschaftlechen Numm
'Taxus baccata'
Carl von Linné

De franséische Pällem (Taxus baccata) ass e Bam aus der Gattung Taxus déi mat sechs veschiddenen Aarten op der nërdlecher Hallefkugel vertrueden ass.

De franséische Pällem huet eng breet Kroun déi kegelfërmeg ass wann en een eenzele Stamm huet, bei méi Stämm ass s'onregelméisseg breet. D'Äscht sinn zimlech steif an hänken deelweis no ënnen. De Stamm dee meeschtens net ganz riicht ass, ass dacks mat kuerze Schëtz bedeckt a kann dann nëmme schlecht gesi ginn. Seng Nole sti spiralfërmeg um Driff a bleiwen dräi Joer gréng. Se sinn 2 bis 4 cm laang an 3 mm breet. Déi iewescht Säit ass donkelgréng mat enger däitlecher Mëttelrëpp an déi ënnescht ass gielgréng, oder blatzeg gréng an huet Sträifen.

De Franséische Pällem ass eng zweehaiseg Planz. Déi männlech Bléie si kleng, ronn, a sinn op der ënneschter Säit vum Driff vum leschte Joer. Se kréien en giel Faarf a verspreeën am Februar hire Pollen. D'weiblech Beem hu ganz kleng onopfälleg gréng Bléien déi eenzel stinn. Se hunn e fleeschege Sommantel deen am September opschwëllt a ganz rout gëtt. De Sommantel huet d'Form vun engem Becher deen no uewen op ass an iwwer de Som eraussteet. En ass ongeféier 1 × 0,6 cm grouss.

Jong Beem wuessen ongeféier 20–30 cm am Joer an den Ëmfank vum Stamm hëlt 2–3 cm bäi. Am Alter wuesse se net méi an d'Héicht an de Stamm hëlt nach just 5 mm a manner bäi.

De Franséische Pällem fënnt een an Europa, Algerien an a Klengasien bis Persien, Meeschten a Parken, Gäert, op Kierfechten, an als Hecken. Se sinn dacks en etlech honnert Joer al.

Et gëtt e puer Ënneraarten:

  • Adpressa: eng Gaardeform mat spatze, längelzeg-elliptesche Nolen. Dovu gëtt et och eng Zort mat gielzegen Nolen.
  • Dovastoniana: dacks a Parken ze fannen ongeféier 5 m grouss, mat engen eenzele Stamm. D'Säitenäscht sinn horizontal an d'Säitendriff hänken opfälleg no ënnen.
  • Fastigiata oder Hibernica: sailefërmeg, ka bis 15 m héich ginn. Eng gielzeg Form dervun Fastigiate Aurea gëtt net grad sou héich.
  • Fructo-luteo: en rar Form déi 1817 an Irland fonnt gouf, an déi an d'Breet wiisst, mat schwaarzgréngen Nolen a Friichten déi giel si, wa se zeideg sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Blieder an Arillus vum Franséische Pällem.