Vercingetorix

Vu Wikipedia
Vercingetorix
Gebuer 80 v. Chr. jul.
Gallien
Gestuerwen 46 v. Chr. jul.
Roum
Doudesursaach Erstécken
Aktivitéit Chef, Militär
E Stater mam Vercingetorix drop

De Vercingetorix, gebuer ëm 82 v. Chr. a gestuerwen 46 v. Chr. zu Roum, war e gallesch-keltesche Fürst vun den Arverner.

Hien huet 52 v. Chr. – am siwente Joer vum Gallesche Krich – bal all gallesch Stämm zesummebruecht, fir hir Onofhängegkeet vis-à-vis vum réimeschen Eruewerer Gaius Julius Caesar ze verdeedegen. Bei der Schluecht vun Alesia (haut Alise-Sainte-Reine am Departement Côte-d'Or) hu si fir zerguttst verluer.

De Vercingetorix gouf e puer Joer an de Prisong gestach, an dann am August oder September 46. v. Chr. vum Cesar bei sengem Triumphzuch duerch Roum gefouert, ier en duerno doutgemaach gouf.

Receptioun[änneren | Quelltext änneren]

Am 19. Joerhonnert gouf de Personnage vun der franséischer Historiographie zu engem éischten Held vun der franséischer Natioun erkläert, andeems eng Kontinuitéit bis an d'Gallierzäit konstruéiert gouf. Den Napoleon III. huet z. B. eng Rëtsch Statue vum Vercingetorix doruechter opriichte gelooss.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • André Simon: Vercingétorix et l'idéologie française. Imago, Paris 1989, ISBN 2-902702-54-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vercingetorix – Biller, Videoen oder Audiodateien