Giovanni Schiaparelli

Vu Wikipedia
Giovanni Schiaparelli
Gebuer 14. Mäerz 1835
Savigliano
Gestuerwen 4. Juli 1910
Mailand
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Astronom, Politiker
Member vun Royal Society, Accademia della Crusca, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia Nazionale delle Scienze, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino

Den Giovanni Virginio Schiaparelli, gebuer de 14. Mäerz 1835 zu Savigliano bei Cuneo, gestuerwen de 4. Juli 1910 zu Mailand, war en italieeneschen Astronom. Vun 1864 bis 1900 war hie Direkter um Observatoire vu Mailand.

Weltbekannt gouf hien duerch seng Marsobservatiounen an duerch d'Entdeckung vun de sougenannte Marskanäl (Canali) am Joer 1877, wéi de Mars der Äerd besonnesch no koum. (Oppositioun). Dës réng linnefërmeg Strukture louchen no un der Siichtbarkeetsgrenz an hu speziell Observatiounserfahrung gebraucht. Eréischt am Joer 1879 gouf hir Entdeckung och vun aneren Astronome confirméiert.

De Schiaparelli huet si fir natierlech Rillen oder Flossbetter gehalen, awer op Englesch huet déi falsch Iwwersetzung Canals u Konschtbauten denke gelooss. Sou si Science-Fiction-Romaner entstanen an e joerzéngtelaang Mythos vu Marsmënschen. 1894 huet de Percival Lowell de Flagstaff-Observatoire am Arizona gebaut, fir d'Marskanäl an d'“Liewen“ um Mars z'erfuerschen.

Marsuewerflächekaart vum Schiaparelli

Eréischt am Joer 1965 schléisse Fotoe vun der US-Sond Mariner 4 déi Spekulatiounen aus. D'Marskanäl gëllen haut gréisstendeels als optesch Täuschung duerch Kontrasteffekter. Verschiddener sinn awer grouss Griechten oder Däller.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Marskanal.

Astronomesch Fuerschunge vum Schiaparelli waren och de Merkur, d'Venus, d'Sonn an d'Duebelstären. E Krater um Äerdmound, um Merkur an um Mars goufen no him genannt. Hien huet och an enger präisgekréinter Aarbecht bewisen, datt de Meteorstroum vun de Perseiden (August-Stäreschnäizen) mat dem Koméit Swift-Tuttle vun 1862 zesummenhänkt, an datt d'Leonide kleng Stécker vum Koméit Tempel-Tuttle sinn.

Weider huet hie sech mam Mars beschäftegt fir eng besser Nomenklatur anzeféieren an d'Verännerunge vun de rouden a gréng-groe Flächen, souwéi vun de wäisse Polkapen, z'ënnersichen.

Am Joer 1872 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent, an 1902, krut en d'Bruce Medail.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Raeburn: Mars: Die Geheimnisse des roten Planeten. Steiger Augsburg 2000.
  • William Sheehan: The Planet Mars: A History of Observation and Discovery. Tucson 1996.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]