Griecht

Vu Wikipedia
E Wee an enger Griecht zu Saint-Bômer-les-Forges, Orne, Frankräich

Eng Griecht, regional och Gruecht oder och Grächt, ass an der lëtzebuergescher Topographie a Geomorphologie d'Bezeechnung vun engem klengen Dall, dee sech tëscht zwéin Ausleefer vun engem Plateau bis a méi e groussen Dall erofzitt. Op topographesche Kaarten ass eng Griecht z'erkennen duerch Zongen déi vun den Héichtelinne gebilt ginn, déi ënne breet ufänken an no uewen ëmmer méi schmuel ginn. Griechte si charakteriséiert duerch relativ géi Häng laanscht d'Säiten an en Thalweg mat oder ouni Waasser, deen eng relativ géi Pente huet.

Sou fënnt een den Ausdrock dacks a Flouernimm erëm wéi z. B.: Resbicher Griecht zu Miersch, op der Griecht zu Housen, an de Griechten zu Stadbriedemes an zu Roudemer an nach vill anerer.

Ouni op den topographeschen Ausdrock anzegoen, gëtt d'Luxemburger Wörterbuch fir d'Griecht nach follgend Bedeitungen un: 1) «kleiner Graben» (häufig als Grenze); 2) «Hohlweg, Pfad» — häufig bes. in Flurn. (meist mit Gestrüpp umrandet) — auch Groussg. — Kuerzg. — Noatsgreecht (Knaphoscheid).

De Substantiv Griecht kënnt etymologesch vum Verb gruewen. Et ass datselwecht Wuert wéi dat hollännescht Gracht („Kanal an enger Stad”).

Dobäi soll awer bemierkt ginn, datt en Huelwee e Wee an enger Griecht ka sinn, awer datt dat net onbedéngt muss sou sinn. Am lëtzebuergesche Sproochgebrauch gi sou Weeër och rar bis guer net mat Griecht bezeechent. Dofir gëtt meeschtens den Ausdrock Huel, Hiel, Hielt, an der Hiel an an der Huel. gebraucht. Beispiller dofir sinn zu Biekerech de Wee duerch de Bësch fir op Giisch dee Giischer Hiel genannt gëtt, oder zu Kënzeg d'Gierlenger Hiel, sou wéi vill Stroossennimm uechter d'Land. Leit déi laanscht sou Weeër gewunnt hu kruten och heiansdo de Spëtznumm Hueler.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Griechten – Biller, Videoen oder Audiodateien