Columbia Hills (Mars)

Vu Wikipedia
Columbia Hills, fotograféiert vum Orbiter Mars Global Surveyor.
Aussiicht vun der Spirit Landeplaz op d'Columbia Hills.

D'Columbia Hills sinn e flaachen, ongeféier 5 km laangen a bis zu 3 km breede Biergzuch um Planéit Mars. E läit am grousse Krater Gusev. D'Columbia Hills goufe vun der Landesond Spirit entdeckt, déi 2004 am Krater erfollegräich gelant war.

Numm[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'éischt goufen d'Bierger als East Hill Complex bezeechent. Awer schonn e puer Deeg méi spéit goufe si nom Space Shuttle Columbia deen dat Joer virdru verongléckt war, a Columbia Hills ëmbenannt, woubäi siwen eenzel Biergkoppen no de verstuerwenen Astronaute genannt goufen.

Bierger[änneren | Quelltext änneren]

Vun Norden no Süden:

Besonnesch bekannt an erfuerscht gouf den Husband Hill. De Spirit war do a 400 Marsdeeg) eropgefuer. En hat den Opstig bei engem Hiwwelvirspronk ugefaangen, dee West Spuer gedeeft gouf. Uschléissend ass hien dunn iwwer d'Flank a Richtung Norde gefuer a koum an d'Tennessee Valley. Do konnt e klenge Bléck op d'Land hanner de Bierger geworf ginn. Duerno ass de Spirit laanscht e Grat bis op d'Spëtz gefuer. De Bierg ass ronn 100 bis 120 Meter méi héich wéi den Terrain ronderëm. Ufanks gouf den Husband Hill fir de gréisste vun de Columbia Hills gehalen. Genee Miessungen hunn awer erginn, datt de südleche McCool Hill e puer Meter méi héich ass.

Wärend dem Opstig hat sech e schéine Bléck iwwer de ganze Gusev-Krater erginn an et goufe vill Panoramafotoe gemaach. Wéi de Rover nees a südlecher Richtung de Bierg erofgefuer ass, huet hien eng Plaz erfuerscht, déi op Satellittebiller nëmmen als grousse schwaarze Fleck um Hang vum Husband Hill ze gesi war. Dat ass en Dünefeld, dat El Dorado gedeeft gouf. De Spirit fiert am Ament duerch e klengen Dall tëscht dem Husband Hill an dem McCool Hill. Do erfuerscht en eng geologesch Besonneschheet, d'Home Plate, eng Gestengsplack vun 100 m Duerchmiesser.

De Spirit hat 2006/2007 um Hank vum McCool Hill iwwerwantert. D'Hankschréi hat et de Solarpanéilen erméiglecht, wärend dem Marswanter e gënschtegen Afallswénkel zu der Sonn ze kréien déi am Wanter ganz niddreg steet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Columbia Hills – Biller, Videoen oder Audiodateien