Tharsis

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Tharsis-Regioun)
Tharsis-Regioun (Héichland)
D'Tharsis-Regioun als Ausschnëtt: 1. Olympus Mons, 2. Tharsis Tholus, 3. Ascraeus Mons, 4. Pavonis Mons, 5. Arsia Mons, 6. Valles Marineris.
Eegenschaften
Regioun Meridiani Planum
'Breet a Längt ♁0° 0′ N, 100° 0′ W
Ausdeenung 4000000 km
Alter ?
Entdecker
Genannt no anticker Stad a Kinnekräich Tartessos
Topographesch Kaarte vum Mars. Déi blo Regioune sinn ënner der festgeluechter Nulllinn, déi rout driwwer. D'Tharsisregioun ass op der ënneschter Kaart als roudelzeg Fläch an der lénkser Hallschent ze gesinn

D'Tharsisregioun ass e grousse vulkaneschen Héichplateau (4–8 km iwwer dem Referenzniveau) um Planéit Mars mat enger Fläch vu ronn 4 Millioune km². Se krut den Numm no der anticker Stad a Kinnekräich Tartessos op der Ibeerescher Hallefinsel,[1] op dat sech méiglecherweis dat biblescht Land Tarsis bezitt.

Den Zentrum läit westlech vum Gruefsystem Valles Marineris op der Héicht vum Marsequator.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Tharsisregioun hieft sech wéi eng Bëls iwwer d'Marsuewerfläch, aus deem grouss Schëldvulkaner erauskucken. Déi gréisst sinn Olympus Mons, Ascraeus Mons, Pavonis Mons an Arsia Mons, méi klenger si Biblis Patera am Westen oder Ulysses Patera am Zentrum.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

Héchstwarscheinlech hu sech d'Tharsisregioun an d'Valles Marineris wärend dem geologesche „Mëttelalter“ vum Mars (der Hesperianescher Period) zesumme gebilt, wéi déi baussenzeg Gestengskuuscht vum Planéit duerch bannenzeg Kräften opgewëlleft gouf. D'Vulkane vun der Regioun ware laang aktiv a si viru ronn 100 Millioune Joer ausgaangen. Wärend der aktiver Phas goufe riseg Lavamasse fräigesat, déi ausgedeent Fläche geformt hunn, wéi z. B. Amazonis Planitia, westlech vum Olympus Mons.

Allerdéngs goufen um Olympus Mons ausgekillt Lavaflëss nogewisen, déi ronn zwou Millioune Joer al solle sinn. Dat wier e Beweis dofir, datt de Vulkan viru geologesch kuerzer Zäit ausgebrach ass a méiglecherweis nëmmen eng Rouphas duerchleeft.[2]

Déi vulkanesch Aktivitéit hätt kënnen duerch en Impaktevenement ausgeléist ginn, deem seng Aschlagplaz de Baseng Hellas Planitia op der anerer Säit vum Mars wier.

Weider Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tharsis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gazetteer of Planetary Nomenclature
  2. Mars-Vulkane: Olympus Mons könnte noch aktiv sein. In: Spiegel Online, 24. November 2004