Amazonis Planitia

Vu Wikipedia
Flaachland um Planéit Mars
Fotoausschnëtt vun der ëstlecher Regioun vum Amazonis Planitia.
Um Bildrand sinn ënnen d'Lavaausflëss vum Olympus Mons ze gesinn.
Numm Amazonis Planitia
Fläch 2.000.000 km2
Alter 100 Mio.
Koordinaten Breet 16///N
Längt 158///W

Den Amazonis Planitia ass eng wäit flaach Regioun um Planéit Mars am Amazonis-Gradfeld. Si gouf no den Amazonen aus der griichescher Mythologie genannt.

Den Zentrum vun der Regioun läit op 16° nërdlecher Breet an 158° westlecher Längt an huet eng Fläch vun zirka 2 Millioune km². Si läit westlech vum erläschte Schëldvulkan Olympus Mons.

Den Amazonis Planitia entstoung an der geologech jéngster Phas vun der Marsgebuert, der Amazonescher Period, déi virun 1,8 Mrd. Joer ugefaangen hat. Gewalteg Lavaeruptioune vun de Vulkanen aus der Tharsis-Regioun hu wäit Fläche gebilt. Den Opbau vu Amazonis Planitia dierft viru ronn 100 Millioune Joer ofgeschloss gewiescht sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amazonis Planitia – Biller, Videoen oder Audiodateien