Planum Australe

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Planum Australe
De Planum Australe, fotograféiert vum Mars Global Surveyor.
Eegenschaften
Regioun Planum Australe
Breet -83.9
Längt 160///E
Duerchmiesser 1600 km
Déift ? m
Alter ?
Genannt nom Laténgesch fir
dat südlecht Flaachland

Als Planum Australe (laténgesch: südlecht Flaachland) gëtt dat flaacht Gebitt vum südleche Marspol genannt. E streckt sech vun ongeféier dem 75. Breedegrad südwäerts an huet eng Längt vu 1600 km bei enger Breet vu ronn 1200 km. Säin Zentrum läit bei 83,9° S an 160,0° O. D'Geologie vun där Regioun sollt ufanks vun der NASA-Missioun Mars Polar Lander ënnersicht ginn. Déi war awer feelgeschloen, well de Kontakt mat der Sond beim Antrëtt an d'Marsatmosphär verluer goung.

Äisdecken[änneren | Quelltext änneren]

De Planum Australe ass zum Deel duerch eng permanent, ongeféier 3 km déck polar Äiskap bedeckt, déi aus gefruerenem Waasser an Kuelendioxid besteet. Während dem Marswanter formt sech op där permanenter zousätzlech eng saisonal Äiskap, déi sech vu 60° S no Süden hin ausdeent. Um héchste Punkt vum Wanter erreecht déi eng Déckt vun engem Meter. Et ass méiglech, datt de Beräich vun der Äiskap sech wéinst lokale Klimaverännerungen zäitweis zesummenzitt, fir sech dann awer nees auszebreeden.

Reliefkaart vum Südpol, an där de Planum Australe läit. Ronderëm leie Krateren.

Am Joer 1966 hunn d'Wëssenschaftler Leighton a Murray d'Meenung presentéiert, datt d'Polkape vum Mars eng Lagerplaz vun CO2 duerstelle këinten, deenen hir Kapazitéit ënner Ëmstänn wiesentlech méi grouss wier, wéi den atmosphäresche Reservoir. An der Tëschenzäit geet een dovun aus, datt béid Polen haaptsächlech aus Waasseräis bestinn an nëmme mat enger dënner Couche vu joreszäitlechem CO2 iwwerzu sinn. Dobäi behält de südleche Pol e permanente Rescht vu senger CO2-Couche, déi ongeféier 8 bis 10 Meter déck ass an op engem Fëllement vu Waasseräis läit.

D'Date vun der ESA-Sond Mars Express weisen, datt d'Äiskapen an dräi Deeler mat ënnerschiddlecher Äisbeschafenheet agedeelt kënne ginn. Deen Deel, deen am meeschte reflektéiert besteet aus ronn 85 % Dréchenäis a 15 % Waasseräis. Den zweeten Deel, an deem d'Äisdecken op der Grenz mat der Fläch ronderëm géi Häng bilt, besteet bal nëmmen aus Waasseräis. D'Äiskap ass zousätzlech vu Permafraschtfelder ëmginn, déi sech vun de géien Häng aus no ënnen iwwer Dosende vu Kilometer no Norden erstrecken.

Den Zentrum vun der permanenter Äiskap ass net bei 90° S, mä ongeféier 150 Kilometer nërdlech vum geographesche Südpol. Zwéi massiv Aschlagkratereren op der westlecher Hemisphär - Hellas Planitia an Argyre Planitia - maachen en onbeweegt Déifdrockgebitt iwwer der permanenter Äiskap, mat Wiedermusteren déi eng Aart mëlle wäisse Schnéi als Folleg hunn, deen eng héich Albedo mat sech bréngt, a steet am Géigesaz zum Schwaarzäis, dat den ëstlechen Deel bestëmmt, wou nëmme wéineg Schnéi niddergeet.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

De Planum Australe besteet grondléeënd aus zwéi Gebidder – den Australe Lingula (op der Reliefkaart als den ieweschten Ausleefer ze erkennen) an den Promethei Lingula (ze gesinn op der Kaart als den zentral riets duergestallten Ausleefer, dee vun uewen an ënne vu Canyons begrenzt gëtt). Béid Strecke sinn mat Aschnëtter duerchzunn déi als Promethei Chasma, Ultimum Chasma, Chasma Australe an als Australe Sulci bezeechent ginn. Et kann een dovun ausgoen, datt déi Canyons duerch Katabatesche Wand gebilt goufen.

De gréisste Krater am Planum Australe ass den 20 Kilometer breede McMurdo Krater bei -84,5° S an 0,9° O um (am Héichtebild ieweschte) Rand vum Flaachland.

Geysiren um Mars[änneren | Quelltext änneren]

Déi kënschtleresch Duerstellung illustréiert sandeg Fontänen, déi aus Geysire vum Mars erausgeschleidert ginn. (NASA; Kënschtler: Ron Miller)
Eng no Foto vun den Dark Dune Spots, déi op e geysiraartegt System hindeiten.

Op Fotoe vun der Raumsond Mars Global Surveyor sinn an den Dünefelder vun der Südpolarregioun e puer donkel Flecken ze gesinn, déi am Wiessel vun de Joreszäiten opzekommen an nees ze verschwanne schéngen. Dee Phenomen, deen als Dark Dune Spots bezeechent gëtt, erkläre sech e puer Wëssenschaftler duerch e joreszäitlecht Fréieren an Opdeeë vun der südlecher Äiskap, dat zu der Bildung vu spannenaartege radial verlafende Kanäl féiert, déi an dem ee Meter décken Äis vum Sonneliicht geformt ginn.

Eng Grupp vu Fuerscher ënner der Leedung vum Hugh Kieffer, vum United States Geological Survey zu Flagstaff, Arizona, schléit vir, datt d'Flecken an aner onerkläerlech Eegenschafte vu gewaltege Waasserstralen aus Kuelendioxidgas verursaacht ginn, déi di driwwer leiend Schicht aus gefruerenem CO2 duerchbriechen an a bis zu 100 Meter héije Fontänen ausbriechen. Duerch d'Sublimatioun vum CO2 - an ënner Ëmstänn och vum Waasser - erhéicht sech den Drock am Kär vun der Äisdecken, wouduerch et zu geysirähnlechen Ausbréch vu kaler Flëssegkeet dacks a Verbindung mat donklem Basalt, Sand oder Bulli komme këint.

Dëse Prozess vollzitt sech séier a kann e puer Deeg, Wochen oder Méint laang daueren, eng an der Geologie ongewéinlech laang Period. Fakt ass, datt déi Flecken dacks iwwer engem spannenaartege Rillemuster opzedauche schéngen, dat op Fotoe vun der Südpolarregioun vum Mars ze gesinn ass. Eng genee Erfuerschung vun där Regioun ass an de momentane Pläng net virgesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]