Chryse Planitia
Chryse Planitia | |
---|---|
Eegenschaften | |
Regioun | Chryse Planitia |
Breet a Längt | ♁27° 0′ N, 37° 0′ W |
Ausdeenung | 500000 km |
Déift | 2,5 km |
Entdecker | |
Genannt nom | Algriichesch a bedeit souvill wéi „Gëlle Fläch“ |
De Chryse Planitia ass eng grouss Fläch um Planéit Mars. Den Numm leet sech aus dem Algriicheschen of a bedeit souvill wéi „Gëlle Fläch“.
Den Zentrum vum Gebitt huet en Duerchmiesser vu 1.600 km an eng Déift vu bis zu 2,5 km. D'Positioun ass 27° nërdlech Breeet a 37° westlech Längt. D'Gebitt ass ronn 500.000 km2 grouss.
Chryse Planitia ass eng riseg Muld, déi 2 bis 4 km ënner der topographescher Nulllinn vum Planéit läit. Si ass warscheinlech duerch den Aschlag vun engem grousse Meteorit entstanen. Déi gréisst Ausflossdäller vum Mars, Kasei Vallis, Ares Vallis, Tiu Vallis a Simud Vallis mënden an dëser Muld. Viru ronn 3 Milliarde Joer sinn do offesiichtlech gewalteg Waassermasse gefloss. Déi matgefouert Steng a Sand hu sech am Chryse Planitia als Sedimenter ofgelagert.
Well d'Regioun geologesch intressant ass, waren do zwou Raumsonde gelant:
- Den 20. Juli 1976 war d'Sond Viking 1 gelant an hat éischt Fotoe vun der Marsuewerfläch gemaach.
- beim Iwwergank vum Ares Vallis zum Chryse Planitia war de 4. Dezember 1996 d'Raumsond Pathfinder gelant. De matgefouerte Marsrover Sojourner hat bis de September 1997 d'Ëmgéigend vun der Sond ënnersicht.