Utopia Planitia

Vu Wikipedia
Déift Flaachland um Mars
Utopia Planitia
Bléck vum Lander Viking 2 op dat déift Flaachland Utopia
Koordinaten 49,7° N, 118° W
Längt 3200 km
Alter 4.200.000.000 Joer
Regioun Cebrenia (Gradsektor)
Divers -

D'Utopia Planitia ass e grousst déift Flaachland um Planéit Mars an en Deel vun der nërdlecher Déiflandhemisphär.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

Den Zentrum vum Utopia Flaachland läit bei 49,7° nërdlecher Breet an 118° ëstlecher Längt. D'Flaachland streckt sech gréisstendeels no Osten a Westen; säi gréissten Duerchmiesser ass 3200 Kilometer. Südëstlech grenzt d'Flaachland un den Elysium Planitia. Den Numm Utopia – Griichesch: Keeland – staamt vun enger Bezeechnung fir eng Albedoformatioun.

De Lander vun der Raumsond Viking 2 war den 3. September 1976 am Utopia Planitia westlech vum Krater Mie gelant, dem bedeitendsten Aschlagkrater am Utopia – an hat bis am Joer 1980 Fotoen a wëssenschaftlech Date vun der Marsuewerfläch geliwwert. Mat sengem Buedemradar SHARAD hat déi amerikanesch Marssond Mars Reconnaissance Orbiter vill Waasseräis am Ënnergrond vum Utopia Planitia entdeckt. Déi ënnerierdesch Äisschicht ass tëscht 80 an 170 Meter déck a läit nëmmen ee bis zéng Meter ënner der Uewerfläch.[1]

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt als zimmlech warscheinlech ugeholl, datt dat déift Flaachland Utopia Planitia selwer och en Aschlagkrater ass. Viru ronn 4,2 Mrd. Joer gouf de Mars vun enger Rei vu groussen Asteroide getraff, mat Duerchmiesser tëscht 180 km a 460 km (zum Verglach: Deen anscheinend fir d'Ausstierwe vun den Dinosaurier viru 65 Mio. Joer verantwortlechen Asteroid hat en Duerchmiesser vun nëmme ronn 10 km an hat am Golf vu Mexiko um Rand vun der Yukatan-Hallefinsel dee ronn 180 km grousse Chicxulub-Krater hannerlooss).

D'MOLA Kaart weist d'Grenze vum Utopia Planitia a vun anere Regiounen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mars Ice Deposit Holds as Much Water as Lake Superior Archivéiert op 2017-02-06. Gekuckt de(n) 2017-02-26.