Katabatesche Wand

Vu Wikipedia
Genesis a Wierkung vun de katabatesche Wande an der Antarktis
Katabatesche Wand iwwer engem Äisschelf

De katabatesche Wand (Griichesch: katabatikos – eroffléissend) ass e Fallwand wéi z. B. :

De Gletscherwand ass och e katabatesche Wand.

E katabatesche Wand entsteet an der Reegel als Folleg vun enger stabiler Atmosphäreschichtung (potentiell Lofttemperatur hëlt mat der Héicht zou) ënner der Awierkung vun der Gravitatioun (vertikal ofwäerts geriicht Kraaft) an engem Drockausgläich mat waarmer Loft (horizontal auswäerts geriicht Kraaft).

Iwwer der Äisfläch vun engem Héichplateau, engem Bierg oder engem Gletscher killt d'Loft of, sou datt hir Dicht zuhëlt. Als Drockausgläichsstréimung mat der waarmer Ëmgéigend entsteet de kale katabatesche Fallwand. De Katabatesche Wand spillt eng wiesentlech Roll bei der Bildung vun antarkteschem Mieräis an domat der Genesis vun antarkteschem Buedemwaasser souwéi bei der Genesis vu küstennoen Polynjaen (Lächer am Mieräis). Dee Phenomeen ass virun de grousse Schelfäisfelder am Ross-Mier an am Weddell-Mier besonnesch opfälleg.

De Fallwand vun der Antarktis ass dee weltwäit stäerksten a ka Vitesse vu bis zu 320 km/h erreechen.[2]

De Fön ass kee katabatesche Wand, well de Fön e waarme Wand ass. Säin Undriff kënnt net direkt aus der Gravitatioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Katabatesche Wand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Winds of the world auf weatheronline.co.uk
  2. Wissenschaft-online.de