Op den Inhalt sprangen

(153) Hilda

Vu Wikipedia
(153) Hilda
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Baussenzeg Haaptceinture OMB
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3.972 A.E.
Peridatum 16 07 2007
Exzentrizitéit 0.1382
Sideresch Ëmlafzäit 7 a 335 d
Mëttel Bunnvitess 14,9 km/s
Inklinatioun 7.83 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 171 km
Rotatiounsperiod 5 h 58 m
Albedo 0,0618
Absolut Hellegkeet 7,48M
Spektralklass P
Entdeckung
Entdecker J. Palisa
Entdeckungsdatum 2. November 1875
Plaz Pula
Aner Bezeechnungen 1935 GD


Den (153) Hilda ass en Asteroid vun der baussenzeger Asteroiden-Haaptceinture. Den Himmelskierper gouf den 2. November 1875 vum Johann Palisa entdeckt. E krut säin Numm als Erënnerung um Theodor von Oppolzer seng eelst Duechter[1], déi e Joer virdru gestuerwe war.

Den Hilda beweegt sech tëscht 3,423 (Perihel) A.E. bis 4,551 A.E. (Aphel) a 7,96 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 7,839° schréi zur Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,141.

Den Hilda huet en Duerchmiesser vun 171 km. En huet eng däischter kuelestoffräich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,062. A ronn 5 Stonnen a 7 Minutte rotéiert en ëm déi eegen Achs.

Enn 2002 gouf vu Japan aus eng Stärebedeckung observéiert. Den Hilda ass dobäi (vun der Äerd aus gesinn) genee virun engem Stär laanschtgezunn an huet d'Liicht vum Stär verdonkelt. Dobäi gouf festgestallt datt den Hilda e ronne Kierper ass.

Den Hilda gëtt enger Asteroiden-Grupp, déi sech an enger Bunnresonanz vun 3:2 mam Planéit Jupiter ëm d'Sonn beweegen den Numm. Si vereenegt e mëttlere Sonnenofstand tëscht 3,7 an 4,2 AE, eng Bunnexzentrizitéit méi kleng wéi 0,3 an eng Inklinatioun méi kleng wéi 20°.

Wann ee sech d'Verdeelung vun der Hilda-Grupp ukuckt, kann een en Dräieck gesinn, dee sech mam Jupiter (deen no bei der Mëtt vun enger Kant ass) dréit. Dat ass en dynamesche Phenomeen, deen duerch d'3:2-Resonanz entsteet, well natierlech beweegt sech kee vun den Asteroiden op enger dräieckeger Bunn. Mä hir Ellipse sinn zäitlech a raimlech sou matenee verkräizt, datt sech ëmmer eng dräieckeg Verdeelung vun der Hilda-Grupp astellt.

Schema vun der Ëmlafbunn vum (153) Hilda (gréng), Jupiter (rout) an de Lagrange-Punkte vum Jupiter (oppe rout Kreesser)
Duerstellung vum bannenzege Sonnesystem. Uewe riets d'Hilda-Grupp (gëlle Punkten).

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Lutz D. Schmadel, Dictionary of Minor Planet Names, p.29