Op den Inhalt sprangen

Geozentrum

Vu Wikipedia

De Geozentrum, oder den Äerdmëttelpunkt, ass de Schwéierpunkt vun der Äerd.

De Begrëff geozentresch gëtt a verschidde Naturwëssenschaften fir déi Daten, Berechnungen a Modeller benotzt, déi sech op d'Äerd a be4sonnesch op den Äerdmëttelpunkt bezéien.

De Geozentrum

[änneren | Quelltext änneren]

D'Äerduewerfläch ass och bei idealem Ubléck op Miereshéicht net op alle Punkte gläich wäit vum Äerdmëttelpunkt ewech, well d'Äerd keng geometresch Kugel ass. Villméi kann d'Äerdfigur ongeféier mat engem Rotatiounsellipsoid besser beschriwwe ginn. Den Duerchmiesser vun der Äerd, deen iwwer 12.700 Kilometer ass, ass dofir tëscht de Polen ongeféier 42 km méi kleng wéi den Duerchmiesser um Equator. Nach méi genee gëtt d'Äerdfigur duerch de Geoid beschriwwen.

Geozentresch Daten

[änneren | Quelltext änneren]

Geozentresch charakteriséiert dat fir d'Astronomie an d'Geodesie gënschtegst Bezuchssystem um Äerdschwéierpunkt respektiv am Zentrum vum Äerdellipsoid. Am Géigesaz dozou kennt een:

Am geozentresche Koordinatesystem gemoossen Daten sinn ënner anerem:

Déi geozentresch a bary- respektiv heliozentresch Richtungn no Himmelskierper ënnerscheede sech jee no hirer Distanz. Bei Planéite kënnen et Wäerter bis 180° sinn (z. B. bei Sonnendäischtert oder Venustransit), bei noe Stäre bis 0.7" (Parallax vu Alpha Centauri).

Dat geozentrescht Weltbild

[änneren | Quelltext änneren]

Dat Geozentrescht Weltbild betrëfft een aneren Aspekt vum Wuert. Et ass d'Deitung vun astronomeschen Evenementer aus der Siicht vun engem Observateur op der Äerd, deenen hir Gréisst géigeniwwer der Sphär (Himmelskugel) als bal Null ugesi gëtt. Dofir kann dee System souwuel geozentresch am ieweschte Sënn wéi och topozentresch sinn.

Dat geozentrescht Weltbild war vun der Antik bis an d'Renaissance verbreet a gouf am 17. Joerhonnert vum heliozentresche Weltbild ofgeléist.

Portal Astronomie