Geozentresch Breet

Vu Wikipedia
Geozentresch Breet ψ (déi geographesch Breet gëtt hei mat B bezeechent)

D'geozentresch Breet (meeschtens mat ψ (psi) bezeechent) vun engem Punkt op der Äerduewerfläch ass an de Geowëssenschaften de Wénkel, deen d'Verbindungsstreck vum Äerdmëttelpunkt zu deem Punkt mam Equatorplang aschléisst.

Dogéint ass d'geographesch Breet (mat B, β (beta) oder φ (phi) bezeechent) ëm bis zu 0,19 Grad méi grouss wéi d'geozentresch Breet, well si sech op d'Normal zum Äerdellipsoid bezitt. D'geozentresch Breet leeft net onbedingt duerch den Äerdzentrum, mä wéinst der Äerdofplattung ëm bis zu 22 km derlaanscht.

D'maximal Wénkeldifferenz B − ψ vun 0,19° ass um 45. Breetegrad op, wärend déi béid Breeten um Equator an op de Polen iwwereneestëmmen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]