Pluto (Mythologie)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem griichesch-réimesche Gott Pluto(n). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Pluto (Homonymie). |
De Pluton (griichesch: Πλούτων (Ploútōn), Laténgesch och Pluto) ass an der griichescher a réimescher Mythologie de Gott vun der Doudewelt déif bannen an der Äerd.
En entsprécht gréisstendeels dem Hades. Och de Plutos, de Gott vum (ënnerierdesche) Räichtum, gouf him dacks gläichgesat. Ob a wéi déi dräi – den Hades, de Pluton an de Plutos – ursprénglech auserneegehale goufen, kann een haut kaum nach soen. De Platon zum Beispill mengt, de Pluton/Plutos wier duerchaus positiv unzegesinn, als deen dee Räichtum bréingt, iwwerdeems den Hades dee wier, deen der Doud bréngt, a wou kee sou kéng war fir säin Numm auszeschwätzen, an en dofir euphemistesch Pluton genannt gouf.[1] Een Ënnerscheed kann een awer feststellen: Am Géigesaz zum Hades gouf de Pluton zesumme mat der Demeter an der Kore kultesch veréiert.
An der laténgescher Literatur, absënns beim Ovid, ass de Pluto als der Proserpina (= griich. Persephone) hiren Entféierer bekannt.[2] Och bei de Réimer war de Pluto den Herrscher vun der Ënnerwelt, nodeems de Jupiter (griich. = Zeus) hirem gemeinsame Papp Saturnus (griich. = Kronos) d'Herrschaft iwwer d'Welt ofgeholl hunn a se mat sengen zwéi Bridder Neptunus (griich. = Poseidon) a Pluto gedeelt hat.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Platon, Kratylos 403a
- ↑ Ovid, Metamorphosen 5,341–571; Fasti 4,417–620