Persephone

Vu Wikipedia
D'Entféierung vun der Persephone, Rembrandt Harmensz van Rijn, 1632

D'Persephone (gr. Περσεφόνη, "déi déi d'Liicht zerstéiert") war an der griichescher Mythologie d'Gëttin vun der Ënnerwelt. Si war d'Duechter vum Zeus an deem senger Schwëster Demeter. Vun hirem Papp, dem Zeus war si d'Mamm vum Zagreus a gouf duerno spéit d'Fra vum Hades, Gott vun der Ënnerwelt, dee si entféiert hat. Si ass deelweis och als Karmeedchen oder Kore (gr. Κόρη, "Meedchen", haut "Duechter") bezeechent ginn.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

Der Kore hire Papp Zeus hat sech a si verléift. Hien huet sech an eng Schlaang verwandelt a si sou befrucht. Si huet den Zagreus an d'Welt gesat, deen dem Zeus säin Nofollger sollt ginn. Nodeem den Zeus säin Zil erreecht hat, huet e keen Interessi méi u senger Duechter gewisen. Säi Brudder Hades awer huet sech an d'Fra verléift an huet den Zeus gefrot fir d'Kore ze kréien. Well deen awer wousst datt d'Kore net fräiwëlleg a seng däischter Welt géif matgoen, huet den Zeus sech guer net dozou geäussert, wat den Hades als Zoustëmmung ausgeluecht huet. Wéi d'Kore an der flaacher Géigend vun Nysa Blumme gepléckt huet, ass den Hades aus der Ënnerwelt eropkomm an huet si entféiert. Op dem Kore seng Kreesch no Hëllef huet den Zeus net reagéiert. D'Kore huet sech an hiert Schicksal erginn an ass vun do u Persephone genannt ginn. Den Hades huet d'Persephone zu senger Fra gemaach a si hunn zesummen iwwer d'Ënnerwelt regéiert.

Hir Mamm Demeter huet verzweiwelt no hirer Duechter gesicht, bis endlech den Helios, de Sonnegott deen alles gesäit, hir verroden huet wou hatt sech ophält. D'Demeter huet dunn den Olymp verlooss a sech an hirer Trauer zeréckgezunn. Dunn ass all Fruchtbarkeet vun der Äerd verschwonnen, d'Planze sinn agaangen an d'Mënschen an Déieren hunn Honger gelidden. Den Zeus huet ëmsoss versicht seng Fra ëmzestëmmen an huet sech schliisslech genéidegt gesinn, säi Brudder ze zwéngen d'Persephone erëm fräi ze ginn. Zwar huet den Hades gefollegt, mä en huet dem Persephone awer e Granataapel z'iesse ginn, dee verhënnert huet datt si fir ëmmer zeréck bei déi Lieweg kéint goen. Dofir ass dunn d'Persephone zwee Drëttel vum Joer bei hirer Mamm op der Äerd bliwwen. Zu där Zäit huet alles geblitt an ass geräift. Mä dann ass si nees bei hire Mann zeréckgaangen, an de Wanter ass op der Äerd agezunn.

An der Ënnerwelt huet si eescht a streng nieft dem Hades getrount. Mä si ass och als gefälleg Verséinerin ugesi ginn, déi hire Mann sou munnech Kéier konnt ëmstëmmen.

Kult[änneren | Quelltext änneren]

D'Persephone, déi an enker Verbindung zu hirer Mamm Demeter stoung, ass meeschtens mat hir zesumme veréiert ginn. Haaptsächlech zu Eleusis, mä hire Kult huet sech duerno iwwer ganz Griicheland verbreet an souguer iwwer d'Grenzen eraus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Farnell, Lewis Richard: The Cults of the Greek States, Volume 3, Faksimile-Täschebucheditioun 2005 bei Elibron Classics vun der 1907 Originaleditioun bei Clarendon Press, Oxford. 490 Säiten.

Analogien[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Persephone – Biller, Videoen oder Audiodateien
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.