Iapetus (Mound)

Vu Wikipedia
VIII Iapetus
Iapetus, opgeholl vum Cassini den 8. September 2007 aus enger Distanz vu 75.000 km
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 3.561.300 km
Periapsis 3.460.600 km
Apoapsis 3.662.000 km
Exzentrizitéit 0,02828
Ëmlafzäit 79,33 Deeg
Inklinatioun 7,52°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 1436 km
Dicht 1,27 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,05 bis 0,5 (visuell geometresch)[1]
Visuell Magnitude (mag) Moyenne: 10,0
Entdeckung
Entdecker Giovanni Domenico Cassini
Entdeckungsdatum 25. Oktober 1671


Verglach tëscht dem Iapetus (ënne lénks), dem Äerdmound (uewe lénks) an der Äerd (moossstafsgerecht Fotomontage)

Den Iapetus oder Japetus (oder Saturn VIII) ass den drëttgréisste Mound vum Planéit Saturn.

Hie gouf de 25. Oktober 1671 entdeckt, a kreest relativ wäit dobaussen an huet zwou ënnerschiddlech Hemisphären, deenen hir Hellegkeeten am Verhältnes 1:12 zuenee stinn.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Ëmlafbunn a Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Bunn[änneren | Quelltext änneren]

Den Iapetus kreest ëm de Saturn op enger mëttlerer Distanz vun 3.561.300 km an 79 Deeg, 7 Stonnen a 55 Minutten. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,0283 a steet 7,52° schréi zu der Laplacefläch, déi op där Distanz vum Saturn ongeféier 14,8° géint d'Equatorfläch gebéit ass.[2] De Iapetus ass nieft dem Mound Phoebe den eenzege grousse Saturnmound, deem seng Bunn eng signifikant Schréi opweist. Vun alle grousse Mounden iwwer 500 km Duerchmiesser am Sonnesystem ass hien deejenege mat der gréisster Bunnschréi (mat Exzeptioun vum irregulären Neptunmound Triton, dee réckleefeg ëm de Planéit leeft), der gréissten Hallefachs an der längster Ëmlafzäit.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Iapetus huet eng u seng Bunnperiod gebonne Rotatioun vu gläichfalls 79 Deeg, 7 Stonnen a 55 Minutten. Seng Rotatiounsachs steet genee senkrecht op senger Bunnfläch.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Physikaleschen a cheemeschen Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Den Iapetus huet en Duerchmiesser vun an der Moyenne 1436 km. Seng kleng Dicht vun 1,27 g/cm3 weist drop hin, datt hie bal komplett aus Waasseräis mat wéinegen Deelercher u silikateschem Gestengs opgebaut ass.

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

D'Uewerfläch vum Iapetus huet zwou däitlech verschidde Regiounen. Déi a Beweegungsrichtung viischt Hemisphär ass mat enger Albedo vun 0,03 bis 0,05 sou däischter wéi Kuel, mat enger liicht roudelzeger Fierwung, wärend déi follgend Hemisphär eng Albedo vun 0,5 bis 0,6 huet,[3] Déu nolafend Hallefbkugel ass domat bal esou hell wéi de Jupitermound Europa; hiren nërdlechen Deel gouf Roncevaux Terra an hire südlechen Deel Saragossa Terra gedeeft. Déi donkel Regioun huet nom Iapetus sengem Entdecker, Giovanni Domenico Cassini, den Numm Cassini Regio kritt. Den Hellegkeetsënnerscheed ass sou grouss, datt de Cassini notéiert hat, datt hien de Mound mat sengem Teleskop nëmmen op enger Säit vum Saturn observéiere kann. Hat de Mound der Äerd déi däischter Regioun zougedréit, war si zu fréieren Zäiten net ze gesinn. De Iapetus huet vun alle bekannte Kierper am Sonnesystem de gréissten Hellegkeetskontrast.

Déi hell Säit ass veräist a staark verkratert. Och d'Polregioune si fräi vun däischtere Materialien.

Echtfaarwebild vun der Iapetus-Nordpolregioun (uewen). Op dem ënneschten Deel vun der Foto streckt sech de Krater Falsaron.

Déi däischter Materialien kéinten Oflagerungen aus organesche Verbindungen sinn, wéi si a primitive Meteoritte (zum Beispill kueleg Chondrite) oder op der Uewerfläch vu Koméite virkommen. Doriwwer eraus kéinte si Cyanide wéi ausgefruere Cyanwaasserstoff polymeren enthalen. Heidrop weisen äerdgestëtzt Observatiounen hin. Den Urspronk vum däischtere Material ass net gekläert. D'Schichtdéckt vum Material ass och onkloer. Sollt déi donkel Schicht dënn sinn, da misst si stänneg erneiert ginn, well bei engem Impakt hellt Material aus dem Ënnergrond ausgeworf géif ginn.

Dat däischtert Material kéint aus dem Kär vum Mound stamen an duerch eng Kombinatioun vun Impaktevenementer a Vulkanismus un d'Uewerfläch komm sinn. Déi Theorie gëtt duerch dat konzentréiert Virkommen um Buedem vun de Kratere gestëtzt. De Iapetus hat sech op enger wäiter Distanz zum Saturn geformt a war bei der Genesis vum Sonnesystem manner héijer Temperaturen ausgesat, sou datt hien a sengem Kär liichtgaseg Komponente wéi Methan oder Ammoniak abanne konnt. Déi kéinten spéider duerch geologesche Prozesser wéi de Kryovulkanismus (Keeltvulkanismus) un d'Uewerfläch komm an duerch UV-Stralung vun der Sonn, ioniséiert Partikelen oder kosmesch Stralung an donkel Verbindunge ëmgewandelt gi sinn. Un der Grenz tëscht der heller an der donkler Hemisphär ass en donkele Rank vun 100 km Duerchmiesser ze gesinn, deen un d'Strukture um Äerdmound oder dem Mars erënnert, bei deenen vulkanesch Lava an d'Aschlagkratere mat engem Zentralbierg gefloss ass.

Eng Theorie (op Basis vum Cassini-Laanschtfluch vum 10. September 2007) beseet, datt eng ganz dënn Schicht vu baussen op déi eigentlech wäiss Uewerfläch vum Iapetus komm wier an duerch déi méi héich Energieabsorbanz vum donkle Material e Schmëlz- oder Sublimatiounseffet agetruede wier, deen donkel Gestengsmassen zum Virschein bruecht hätt. Zudeem goufe méi kleng (30–60 m Duerchmiesser) hell Aschlagkrateren observéiert, déi däitlech Hiwäiser op Schichtdéckt an Ofstamung vum däischtere Material liwweren. Well bei engem 60 m grousse Krater d'Kraterdéift bei zirka 10 m läit, ass et kloer, datt dat däischtert Material méi dënn misst sinn.

No enger anerer Theorie staamt dat däischtert Material vum Mound Phoebe. Et kéint duerch den Aschlag vu Mikrometeoritte fräigesat a sech op der Hemisphär vum Iapetus gesammelt hunn. Gestäerkt gëtt déi Theorie duerch d'Opfanne vun engem weideren, grousse Saturnrank, dem Phoebe-Rank.Hie gouf de 6. Oktober 2009 vum Spitzer-Weltraumteleskop entdeckt. Et gëtt ugeholl, datt d'Material vun deem Rank vum Phoebe staamt, well deem seng Ëmlafbunn ziemlech genee bannenzeg vum Rank verleeft. Dëse réckleefeg ëmlafende Rank fänkt bei enger Saturndistanz vun zirka 6 Millioune Kilometer un. Der rechtleefege Iapetus beweegt sech esou a Géigerichtung duerch d'Randberäicher vum Rank, wat de Materialtransfer plausibel erkläre géif.[4]

Den equatoriale Biergréck am Géigeliicht
D'Bunne vum Phoebe, Iapetus, Titan an de Phoebe-Rank.

Allerdéngs ënnerscheet sech d'Faarf vum Phoebes eppes vun der Oflagerungsfaarf vum Iapetus. D'Theorie, datt d'Oflagerunge vum Phoebe staamen, gëtt vun verschiddene Fuerschern verworf (T. Owen et al.). Si favoriséieren op Grond spektroskopescher Miessunge d'Genesis vum däischtere Material vum Saturnmound Titan.

E weidert grousst Rätsel ass ee Biergréckzuch op de Cassini-Biller, dee sech bis op wéineg Breetegrader genee um geographeschen Equator laanscht d'Cassini Regio erstreckt. Op de Fotoen ass d'Phenomeen däitlech als breet Band z'erkennen, wouduerch de Mound op senger donkel gefierfter Säit ausgesäit wéi wann et zwéin Deeler wieen („Noss-Form“ vum Iapetus). De Biergszuch konnt bis op eng Längt vun 1300 Kilometer observéiert ginn. Dobäi erreecht en eng Breet vu bis zu 20 Kilometer an eng maximal Héicht vun 13 Kilometer.

Wöi de Biergzuch entstanen ass, ass nach net bekannt. Wëssenschaftler halen zwou Theorie fir méiglech: Zum engen hätte sech d'Bierger duerch tektonesch Virgäng forme kënnen, wéi z. B. déi europäesch Alpen. Zum aneren kéint duerch en Rëss an der Kuuscht vum Mound flëssegt Material aus dem Buedem an d'Uewerfläch getruede sinn a sech bis zum haitegen Dag ugeheeft hunn. No enger komplett anerer Hypothees (Wing-Huen Ip) handelt et sech ëm Stécker vun engem ofgestierzten Rank, deen entweeder en Iwwerrescht vun der Gas- a Stëbscheif gewiescht ass, aus där sech de Iapetus gebilt hat, oder d'Folleg vun engem Asteroidenaschlag an dem dono erausgeschleiderte Material.

No neie Fuerschunge soll de Biergzuch doduerch entstane sinn, datt de Iapetus a senger Jugendzäit séier rotéiet hat an nach net gefruer war, well hie vu radioaktive Stoffer (26Aluminium an 60Eisen) mat relativ kuerzer Hallefwertszäit opgeheizt gouf. Duerch déi séier Rotatioun bekoum hien eng knuppesch Form. D'Aktivitéit vun den Isotope hat ofgeholl, an de Frascht koum iwwer de Iapetus, ier sech d'Rotatiounsdauer op den häitege Wäert verlängert hat. Déi knuppesch Form hätt do eigentlech zeréck misse goen. Dat war awer duerch de Frascht net méi méiglech. D'Material huet sech dofir op der fréierer héichster Plaz (dem Equator) gesammelt.[5],[6]

Vun den 58 benannte Krateren vum Iapetus hunn 20 Stéck en Duerchmiesser vun op d'mannst 100 km. Dee mat Ofstand gréisste Krater mam Numm Abisme méisst 767,74 km, – méi wéi d'Hallschent vum IapetusDuerchmiesser. Hie läit matzen op der nërdlecher Hallschent vun der féierender Hemisphär am däischteren Terrain. Am Kär vum groussen, awer optesch kaum opfallendem Dall, hieft sech mat engem Duerchmiesser vu 424 km Iapetus säi fënneftgréisste Krater Falsaron däitlech of.[7]

Erfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Iapetus gouf de 25. Oktober 1671 vum Giovanni Domenico Cassini entdeckt.[8]

De Mound gouf nom Titan Iapetos aus der griichescher Mythologie genannt. Den Numm "Iapetus" an d'Nimm vu siwe weidere Saturnmounde goufe vum Wilhelm Herschel sengem Jong, dem Astronom John Herschel, an enger 1847 publizéierter Schrëft Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope virgeschloen.

Erfuerschung mat Raumsonden[änneren | Quelltext änneren]

Iapetus, Foto vum Voyager 2

Mat enger relativ kuerzer Distanz vun 966.000 km koum als éischt d'Raumsond Voyager 2 den 22. August 1981 laanscht de Mound Iapetus. Bei hirem eemolege Laanschtfluch konnte schonn eenzel Strukture fotograféiert an den Trabant mat klenger Opléisung kartéiert ginn.

Den 1. Januar 2005 hat d'Raumsond Cassini de Iapetus fir d'éischt op enger Distanz vun 123.000 km passéiert an hat dobäi déi éischt héichopléisend Biller vum Mound gemaach. E weidere Laanschtfluch war den 10. September 2007. Do war d'Distanz zum Mound nëmmen nach 1640 Kilometer. Hei goufen dann däitlech detailléiert Fotoe geschoss.[9],[10]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iapetus (Mound) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA: Saturnian Satellite Fact Sheet. 13. Oktober 2015, gekuckt de 16. Juli 2015
  2. DLR Institut für Planetenforschung: Cassini-Huygens Datenblatt der Saturnmonde
  3. NASA Jet Propulsion Laboratory, Cassini Solstice Mission: https://web.archive.org/web/20150326045917/http://saturn.jpl.nasa.gov/science/moons/iapetus/
  4. Raumfahrer.net: Iapetus' Yin-Yang-Rätsel ist gelöst, gekuckt de 5. Januar 2010
  5. http://www.astronews.com/news/artikel/2007/07/0707-025.shtml
  6. Archive copy Gearchiveerd op 2021-02-11. Gekuckt de(n) 2017-10-09.
  7. Iapetus am Gazetteer of Planetary Nomenclature vun der I.A.U. (WGPSN) / USGS; gekuckt den 28. September 2016.
  8. Cassini: A Discovery of Two New Planets about Saturn, Made in the Royal Parisian Observatory by Signor Cassini, Fellow of Both the Royal Societys, of England and France; English't Out of French. Phil. Trans. January 1, 1673 8:5178-5185; (Volltext)
  9. http://www.astronews.com/news/artikel/2007/09/0709-007.shtml
  10. http://www.spaceflightnow.com/news/n0709/12iapetus/