Aegaeon (Mound)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Aegaeon
(Saturn LIII)
Rsz 800px-aegaeon (2008 s1).jpg
De Saturnmound Aegaeon erschéngt
bannenzeg vum G-Rank als helle Punkt.
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2008 S 1
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 167.500 km
Periapsis 167.477 km
Apoapsis 167.534 km
Exzentrizitéit 0,0002
Ëmlafzäit 0,80812 Deeg
Ëmlafvitess 15,05 km/s
Inklinatioun 0,001°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 0,6 km
Dicht 0,5 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
- m/s2
Albedo ?
Visuell Magnitude (mag) 27,0
Entdeckung
Entdecker Cassini Imaging
Science Team
Entdeckungsdatum 15. August 2008

Den Aegaeon (oder Saturn LIII) ass den néngten an ee vun de klengste bannenzege vun 62 bekannte Mounde vum Planéit Saturn. Hien ass deen eenzege bis elo bekannte Mound vum Saturn sengem G-Rank.

Entdeckung an Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Aegaeon gouf de 15. August 2008 op zwou Fotoe vun der Raumsond Cassini während enger gezilter Observatioun vu 600 Deeg, vum G-Rank vum Imaging Science Team vun der Cassini-Missioun entdeckt. De G-Rank (→ ënnen) war den eenzege baussenzege bekannte Saturnrank, vun deem noch kee Mound bekannt war. D'Entdeckung gouf ufanks op de genannte Fotoe vum 15. August 2008 gemaach, spéider ass de Mound och op ville Fotoe vum 15. Juni 2007 bis den 20. Februar 2009 fonnt ginn.

D'Entdeckung gouf den 3. Mäerz 2009 vun der Carolyn C. Porco, der Leederin vum Imaging Science Team vun der Cassini-Missioun, bekannt gemaach; de Mound krut no der Systematik vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2008 S 1.

Mam Aegaeon krut deen zu där Zäit klengsten an dee bis dohi leschte vun 53 Saturnmounden (LIII) en Numm.

Am Mee 2009 gouf hien dann nom Hekatoncheir Briareos (och Aigaion genannt) aus der griichescher Mythologie benannt.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Billerserie vum G-Rankbou aus dräi Biller an Intervalle vun 10 Minutten. Cassini, de 27. Oktober 2008 aus enger Distanz vun 1.200.000 km.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Den Aegaeon kreest op enger prograder, bal perfekt kreesfërmeger Ëmlafbunn ëm de Saturn, op enger Distanz vun an der Moyenne 167.500 km (zirka 2,779 Saturnradien) vun deem sengen Zentrum ewech, also ongeféier 107.230 km iwwer dem Saturn senger Wollekenuewergrenz. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,0002 an d'Inklinatioun ass 0,001° schréi iwwer dem Equator vum Saturn, läit also bal genee op der Equatorhéicht vum Planéit. Wéinst der niddreger Exzentrizitéit variéiert d'Bunn op der Distanz zum Saturn nëmme ronn 70 km.

D'Ëmlafbunne vum nächstbannenzege koorbitale Mound Epimetheus a Janus sinn an der Moyenne ronn 16.000 km vum Aegaeon-Orbit ewech, d'Distanz vun der Bunn zum nächstbaussenzege Mound Mimas ass an der Moyenne 17.900 km.

Den Aegaeon leeft an 19 Stonnen, 23 Minutten an 41,6 Sekonnen eemol ronderëm de Saturn. Hie läit an enger 7:6-Bunnresonanz mat sengem baussenzegen Noper Mimas, deen eng Pendelbewegung vum Aegaeon senger Grousser Bunnhallefachs während enger geschatener Period vu 4 Joer vun ongeféier véier Kilometer ausmécht.

G-Rank[änneren | Quelltext änneren]

De G-Rank, ënnerbrach vum Saturnschiet. Foto: Cassini, 9. Oktober 2009.

De sougenannte G-Rank, dee sech laanscht d'Ëmlafbunn vum Aegaeon ëm de Saturn zitt, huet eng Breet vun zirka 9.000 km. De Rankbou schéngt am Ënnerscheed zum allgéigewäertege Stëbs am Rank aus Äispartikele bis zu wéinege Meter Gréisst ze bestoen a gëtt duerch Aschléi vu Mikrometeoritten op Aegaeon gespeist, ähnlech wéi dat beim Enceladus an dem E-Rank de Fall ass. Duerch d'Ofweechungen vun der Aegaeon-Bunn duerch d'Bunnresonanz mam Mimas an d'Interaktioun mat der Magnéitosphär vum Saturn verdeelt sech och no baussen hin Stëbs, well d'Plasma vun der Magnetosphär méi séier rotéiert wéi de G-Rank. Doduerch verléiert de Rank iwwer d'Joerdausende u Mass a gëtt duerch weider Aschléi op den Aegaeon erneiert.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Rotatiounsperiod vum Aegaeon ass net bekannt, et ass awer unzehuelen, datt den Aegaeon synchron rotéiert a seng Achs eng Schréigt vun zirka 0° huet.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Aegaeon, opgeholl vun der Cassini-Sond de 27. Januar 2010.

Gréisst[änneren | Quelltext änneren]

Den Aegaeon huet en Duerchmiesser vu ronn 600 Meter, wann ee vun der gläicher Albedo wéi där vum Pallene ausgeet. Hien ass dee bis elo zweetklengste bekannten (an akzeptéierte) souwéi dee bis elo klengste benannte Mound vun engem Planéit (bei Asteroide kennt ee nach méi klenger) am Saturn- souwéi am Sonnesystem iwwerhaapt.

Opbau vum Kär[änneren | Quelltext änneren]

Déi mëttel Dicht vum Aegaeon ass mat geschate 0,50 g/cm³ wäitaus méi kleng wéi déi vun der Äerd an esouguer méi niddreg wéi d'Dicht vum Saturn; si ass sou niddreg, datt den Aegaeon op Waasser schwamme kéint. Dat weist drop hin, datt de Mound haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat ass. Et ass unzehuelen, datt hien zu de sougenannte Rubble Piles gehéiert, déi duerch déi vergläichsweis schwaach Gravitatioun am Kär Huelräim opweisen.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst der klenger Gréisst an der niddreger Hellegkeet vun 27,0m ass den Aegaeon mat äerdgebonnen Teleskopen net ze gesinn. Et gëtt keng Fotoe vun de Voyager-Sonden, well de Mound zu deem Zäitpunkt nach net entdeckt war.. Et wäert weidere Fotoe vun der Raumsond Cassini bedierfen, déi zanter dem 1. Juli 2004 de Saturn ëmkreest an zanter der Entdeckung 2008 den Aegaeon etlech Kéiere fotographéiert hat, fir méi iwwer de Mound ze wëssen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aegaeon (Mond) – Biller, Videoen oder Audiodateien