Daphnis (Mound)

Vu Wikipedia
Daphnis
(Saturn XXXV)
Foto vum Daphnis, opgeholl vun der Raumsond Cassini den 18. Januar 2017
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2005 S 1
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 136.505,5 ± 0,1 km
Periapsis 136.501 km
Apoapsis 136.510 km
Exzentrizitéit 0,0000331 ± 0,0000062
Ëmlafzäit 0,5940798 Deeg
Inklinatioun 0,0036 ± 0,0013°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 7,8 ± 1,6
(9 × 9 × 6) km
Dicht 0,34 ± 0,21
Albedo ≈ 0,5
Visuell Magnitude (mag) 24,0
Entdeckung
Entdecker Cassini Imaging
Science Team
Entdeckungsdatum 6. Mee 2005


Den Daphnis (oder Saturn XXXV) ass den drëttbannenzegsten an ee vun de klenge Mounde vum Planéit Saturn. Hien ass de Schéifermound vun der Keeler-Spléck an de baussenzege vun zwéi Mounden am A-Rank vun de Saturnréng.

Entdeckung an Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Daphnis gouf de 6. Mee 2005 op Fotoe vun der Raumsond Cassini vum Imaging Science Team vun der Cassini-Missioun entdeckt. D'Fotoe vum baussenzege A-Rank waren den 1. Mee 2005 wärend 16 Minutten an enger Zäitraffersequenz mat 0,18 Sekonne Beliichtungszäit entstanen.

D'Existenz vun engem Mound bannenzeg vun der Keeler-Spléck war schonn virun de Fotoe virausgesot ginn. Duerch gravitativ Stéierungen am Réngsystem entstinn Wellemuster um baussenzege Rand vun der Spléck haten op e méigleche Mound un der Positioun vun Daphnis hin. D'Wellen um bannenzege Rand sinn dem Orbit vum Daphnis virausgelaf, wärend déi um baussenzege Rand hanner him louchen. De Grond dofir sinn déi ënnerschiddlech Relativvitesse vun de Rankpartikelen.

Spéider gouf den Daphnis op 32 Billern vum F-Rank vum 13. Abrëll 2005 fonnt, déi wärend 18 Minutte gemaach goufen. Op zwou weider héichopléisende Fotoe (3,54 km/Pixel) vum 2. Mee 2005 konnt den Duerchmiesser vum Mound schliisslech méi no opgeléist ginn.

D'Entdeckung gouf de 6. Mee 2005 vun der Carolyn Porco, der Dirctrice vun Imaging Science Team vun der Cassini-Missioun publik gemaach. De Mound krut déi virleefeg Bezeechnung S/2005 S 1, entspriechend der Systematik vun der I.A.U..

De 17. Juli 2006 gouf de Mound dann nom Schofhiirt a Poet Daphnis aus der griichescher Mythologie genannt. Daphnis war de Jong vum Hermes an enger Nymphe souwéi e Nokomme vun den Titanen, no deenen déi gréisste Saturnmounde genannt sinn. Den Daphnis war wéinst engem Treiebroch mat enger Nymph blann ginn.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Cassini-Bild vum Daphnis mat Schiedworf a Wellemustern

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Den Daphnis kreest ëm de Saturn op enger prograder, bal kreesfërmeger Ëmlafbunn op enger mëttlerer Distanz vu ronn 136.505,5 km (zirka 2,265 Saturnradien) vum Saturnzentrum ewech, also 73.237 km iwwer deem senger Wollekenuewergrenz. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,0000331, d'Bunn steet 0,0036° schréi géigeniwwer dem Equator vum Saturn, läit also bal genee op dem Equatorplang vum Planéit. Duerch déi kleng Exzentrizitéit variéiert d'Distanz zum Saturn ëm nëmme ronn 10 km, duerch déi keng Inklinatioun an der Héicht ëm nëmmen ongeféier 17 km.

D'Ëmlafbunn vum nächbannenzege Mound Pan ass an der Moyenne 2.921 km vum Daphnis sengem Orbit ewech, d'Distanz vun der Bunn vum nächstbaussenzege Mound Atlas ass an der Moyenne 1.165 km.

Den Daphnis kreest ëm de Saturn a 14 Stonnen, 15 Minutten an 28,5 Sekonnen. Dat entsprécht ongeféier der Ëmlafzäit vum Uranusmound Cupid. Den Daphnis brauch fir en Ëmlaf zirka 27 Minutte méi laang wéi de bannenzege Noper Pan.

De Mound leeft an der 42 km breeder nom James Edward Keeler genannter Keeler-Spléck vum A-Rank.

Den Daphnis kreest och op enger kritescher Distanz, der Roche-Grenz, ëm de Saturn.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Den Daphnis ass ëmmer mat der selwechter Säit dem Saturn zougedréit, dat heescht, hie weist domat, wéi eisen Äerdmound, eng synchron Rotatioun op. D'Rotatiounszäit ass dofir gläich der Êmlafzäit, déi soumait och 14 Stonnen, 15 Minutten an 28,5 Sekonnen ass.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Daphnis an der Keeler-Spléck

Gréisst[änneren | Quelltext änneren]

Deb Daphnis huet e mëttleren Duerchmiesser vu 7,8 km. Op de Fotoe vum Saturn-Orbiter Cassini erschéngt Daphnis als en onreegelméisseg geformt, länglecht Objet mat Moosse vun 9 × 9 × 6 km, woubäi d'Längsachs op de Saturn ausgeriicht ass.

Bannenzegen Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Dicht vum Daphnis huet an der Moyenne 0,34 g/cm³ an ass vill manner wéi déi vun der Äerd a souguer méi niddreg wéi d'Dicht vum Saturn; si ass sou niddreg, datt den Daphnis nach besser wéi de Saturn a Waasser schwamme géif. Dat weist drop hin, datt de Mound haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat ass.

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Den Daphnis huet eng Albedo vu geschaten 0,5, wat bedeit, datt hien eng hell Uewerfläch huet, déi 50 % vum agestralte Sonneliicht reflektéiert. D'Uewerflächentemperatur gëtt an der Moyenne op zirka −195 °C (78 K) geschat.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst der klenger Gréisst, der visueller Magnitude vun 24,0m (déi 1 : 2.000.000.000 vun déier vum Zentralplanéit ass) souwéi der Iwwerstralung duerch de Saturn wéinst der noer Noperschaft ass den Daphnis mat äerdgebonnene Teleskopen net z'observéieren.

Den Daphnis gouf bis elo vun dräi Raumsonde besicht, dat waren d'Laanschtflich vun Voyager 1 an Voyager 2 souwéi de Saturn-Orbiter Cassini, deen zanter Juli 2004 de Saturn ëmkreest.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Daphnis (Mond) – Biller, Videoen oder Audiodateien