Hyperion (Mound)

Vu Wikipedia
VII Hyperion
De Saturnmound Hyperion a Falschfaarwen,
opgeholl vum Cassini-Huygens.
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 1.464.100 km
Periapsis 1.438.480 km
Apoapsis 1.489.700 km
Exzentrizitéit 0,0175
Ëmlafzäit 21,28 Deeg
Ëmlafvitess 5,00 km/s
Inklinatioun 0,568°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 360 × 280 × 225 (266) km
Dicht 0,544 ± 0.050 g/cm3[1]
Gravitatioun
op der Uewerfläch
0,041 m/s2
Albedo 0,25
Visuell Magnitude (mag) 14,2
Entdeckung
Entdecker W. C. Bond,
G. P. Bond,
W. Lassell
Entdeckungsdatum 16. September 1848


Den Hyperion (oder Saturn VII) ass e mëttelgrousse Mound vum Saturn.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Hyperion gouf de 16. September 1848 vum William Cranch Bond, Georg Phillips Bond an dem William Lassell entdeckt.

De Mound gouf nom Titan Hyperion aus der griichescher Mythologie genannt.
Den Hyperion gouf 1847 kuerz nom Astronom John Herschel senger Publikatioun Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope, an där hien d'Nimm vun de bis dohi bekannte siwe Saturnmounde virgeschloen hat, entdeckt. De Lassell, deen den Hyperion zwéin Deeg nom Bond gesinn hat, huet den Nummschema vum Herschel kannt. Hien huet doropshin den Numm Hyperion virgeschloen.

Bunndaten[änneren | Quelltext änneren]

Den Hyperion kreest op enger mëttlerer Distanz vun 1.464.100 km an 21 Deeg 6 Stonnen an 43 Minutten ëm de Saturn. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,0175 a steet an engem Wénkel vun 0,568° zum Equatorplang vum Saturn.

Opbau a physikalesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Den Hyperion ass méi rosa wéi déi meescht aner gro Mounden am Sonnesystem. D'Foto gouf vum Cassini-Huygens an Echtfaarwen aus enger Distanz vu ronn 291.000 km opgeholl.

Den Hyperion ass fir seng Gréisst ee vun deenen am stäerksten onreegelméisseg geformte Kierper am Sonnesystem. Hien huet eng Gréisst vun 360×280×225 km.

Méiglecherweis ass den Hyperion e Brochstéck vun engem méi groussen Urspronkskierper, dee bei engem Impakt zerbrach ass. Op senger Uewerfläch ass e risegen, 10 km déiwe Krater mat engem Duerchmiesser vun 120 km.

Mat 0,544 g/cm3 huet den Hyperion, wéi déi meescht Saturnmounden, eng relativ kleng Dicht. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus porösem Waasseräis mat e bësselche Silikatgestengs.

Am Ënnerscheed zu de meeschte Saturnmounden huet den Hyperion mat enger Albedo vun 0,25 eng donkel Uewerfläch, déi aus der Oflagerung vun engem donkle Material stame kéint. No Ënnersich vun der Raumsond Cassini 2005 sinn déi donkel Oflagerunge Kuelewaasserstoffverbindungen.[2]

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

Fotoe vun der Raumsond Voyager 2 an äerdgebonne photometresch Ënnersich weisen, datt d'Rotatioun vum Hyperion chaotesch ass, woubäi seng Rotatiounsachs an d'Rotatiounsvitess a komplett onkalkuléierbarer Weis variéieren.[3]. Et ass deen eenzeg bekannte Mound am Sonnesystem, deen dat Verhalen huel, obwuel Computersimulatioune gewisen hunn, datt méiglecherweis och aner onreegelméisseg geformt Mounden an der Vergaangenheet sou rotéiert hunn.

Den Hyperion huet ënnert de Mounden eng besonnesch Plaz. Hien ass iwweraus onreegelméisseg geformt, seng Bunn ass exzentresch an hien ass an enger relativ klenger Distanz vum grousse Mound Titan, mat deem hien an enger 3:4 Resonanz ëm de Planéit leeft. Dës Faktore begrenzen d'Méiglechkeeten, bei deenen eng stabil Rotatioun méiglech ass.

Observation an Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Animatioun vum Ufluch op den Hyperion (wgl. uklicke wann de Video net leeft)

Den Hyperion ass e liichtschwaachen Objet mat enger visueller Magniude vu 14,2m. Fir eng Observatioun, brauch een e grousst Teleskop.

D'Raumsond Cassini-Huygens konnt den 11. Juli 2005 beim Laanschtfluch nei Fotoe vum Mound aus e puer 10.000 km Distanz op d'Äerd schécken.

De 26. September 2005 hat déi selwecht Sond de Mound bei engem weidere méi noe Laanschtfluch, bei deem si op nëmme 500 km Distanz eru koum, fotograféiert.[4] Dobäi entstoungen déi bis elo bescht Fotoe vum Mound, déi eng ongewéinlech Uewerfläch weisen an d'Meenung vun enger relativ poröser Konsistenz ënnermaueren.

Divers[änneren | Quelltext änneren]

Op senger Ëmlafbunn flitt den Hyperion ëmmer nees aus dem Saturn senger Magnetosphär eraus an den Aflossberäich vum Sonnewand an duerno nees zeréck. Duerch déi wiesselnd Stralungsverhältnesser luet hie sech elektresch op[5].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hyperion – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 http://www.ciclops.org/media/sp/2011/6794_16344_0.pdf
  2. Publizéiert am Nature 5. Juli 2007.
  3. Hyperion bei Monde.de
  4. FAZ 5. Oktober 2005, S. N1.
  5. Ralph-Mirko Richter: Saturnmound Hyperion ass elektrostatesch opgelueden, an raumfahrer.net, Datum: 18. Oktober 2014, Ofgeruff: 16. Januar 2015