William Lassell

Vu Wikipedia
William Lassell
Gebuer 18. Juni 1799
Gestuerwen 5. Oktober 1880
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien, Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Astronom, Physiker, Händler
Member vun Royal Society

De William Lassell gebuer den 18. Juni 1799 zu Bolton, Lancashire a gestuerwen de 5. Oktober 1880 zu Maidenhead, (Berkshire) war e britteschen Astronom a Physiker.

Als erfollegräiche Béierbrauer konnt de Lassell sech et leeschte fir sech fir d'Astronomie z'intresséieren. Hien huet no bei Liverpool en Observatoire mat engem 60 cm Spigelteleskop opgeriicht, dat wéinst senger neiaarteger Equatorial-Montéierung fir eng einfach Noféierung um Stärenhimmel bekannt war.

Seng Optiken huet hie mat selwer gebaute Maschinnen geschlaff.

Den 10. Oktober 1846 entdeckt hien den Triton, de gréisste Mound vum Planéit Neptun, nëmme 17 Deeg nom Johann Gottfried Galle senger Entdeckung vum Planéit.

1848 entdeckt hien onofhängeg den Hyperion, den aachte Mound vum Saturn an 1851 zwéin nei Mounde vum Uranus, déi no engem Virschlag vun den Astronomen John Herschel, Ariel an Umbriel genannt goufen.

1855 baut hien en 120 cm-Teleskop, wat hie fir besser Observatiounen ze kréien, op der Insel Malta installéiere léisst.

1849 kritt de Lassell d'Goldmedail vun der englescher Royal Astronomical Society. Vun 1870 bis 1872 war hien de President vun dëser Gesellschaft.

Als Undenken un de Lassell goufen e Krater um Äerdmound an een um Planéit Mars no him benannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie