Op den Inhalt sprangen

Rhea (Mound)

Vu Wikipedia
V Rhea
De Saturnmound Rhea, eng Foto vun der Raumsond Cassini.
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 527.040 km
Periapsis 526.510 km
Apoapsis 527.570 km
Exzentrizitéit 0,001
Ëmlafzäit 4,518 Deeg
Ëmlafvitess 8,48 km/s
Inklinatioun 0,029°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser (1528,6 ± 2,2)
1532.4 × 1525.6 × 1524.4km
Dicht (1,233 ± 0,005) g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
0,0180 m/s2
Albedo 0,65
Visuell Magnitude (mag) 9,6
Entdeckung
Entdecker Giovanni Domenico Cassini
Entdeckungsdatum 23. Dezember 1672


De Rhea (oder Saturn V) ass den zweetgréisste Mound vum Planéit Saturn. Et ass en Äismound.

De Rhea gouf den 23. Dezember 1672 vum Giovanni Domenico Cassini entdeckt.[1]

De Mound gouf no der Titanin Rhea, der Duechter vum Uranos an der Gaia aus der griichescher Mythologie, genannt. Den Numm „Rhea“ an déi vun nach siwe Saturnmounde goufe vum britteschen Astronom John Herschel an der 1847 Publikatioun Results of Astronomical Observations made at the Cape of Good Hope virgeschloen.

Bunneegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

De Rhea kreest an 108 Stonnen a 25 Minutten ëm de Saturn, op enger mëttlerer Distanz vu 527.040 km. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,001 a steet 0,35° schréi zum Equatorplang vum Saturn. De Mound beweegt sech bannenzeg vun der Magnetosphär vum Saturn.

Opbau a physikalesch Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]
E Krater um Rhea, fotograféiert vum Voyager 1.

De Rhea huet en Duerchmiesser vun an der Moyenne 1.528 km. Seng kleng Dicht vun 1,240 g/cm3 léisst drop schléissen, datt de Mound zu ronn 2/3 aus Waasseräis souwéi engem Kär vu Silikatgestengs zesummegesat ass. Seng Albedo ass 0,65, dat heeschtt 65 % vum afalende Sonneliicht gi reflektéiert. Am Verglach zu de Mounden Tethys an Enceladus ass d'Uewerfläch relativ däischter. D'Temperatur op der Uewerfläch ass −174 °C am direkte Sonneliicht, an tëscht −200 an −220 °C am Schiet. De Mound Rhea rotéiert an 108 Stonnen a 25 Minutten ëm seng eegen Achs an huet domat, wéi eisen Äerdmound, eng gebonne Rotatioun. D'Rotatiounsachs steet 0,029° schréi zur Vertikaler vum Bunnplang.

De Rhea gläicht a senger Zesummesetzung, der Albedo an den Uewerflächestrukturen, dem Saturnmound Dione. Béid Mounden hunn ënnerschiddlech Hemisphären, se hunn awer warscheinlech déi selwecht Entwécklungsphase matgemaach.

De Rhea huet vill Krateren an huet plazeweis hell Strukturen. D'Uewerfläch kann unhand vun der Verdeelung a Gréisst vun de Kratere an zwee ënnerschiddlech Terrainer ënnerdeelt ginn. Ee mat Kratere iwwer 40 km Duerchmiesser an een zweeten, an Deeler vu Polar- an Equatorregioune, mat Kratern ënner 40 km Duerchmiesser. Dat deit dorop hin, datt Deeler vun der Uewerfläch wärend hirer Entwécklung duerch geologesch Prozesser erneiert goufen. Dee mat Ofstand gréisste benannte Krater mam Numm Mamaldi huet en Duerchmiesser vu 480 km a läit um Zentralmeridian där vum Saturn ofgedréiter Hemisphär. De südlechen Deel vu sengem kaum opfällege Rand reecht bis iwwer den Equator.[2]

Déi féierend Hemisphär ass staark verkratert a weist keng gréisser Hellegkeetsënnerscheeder. Wéi beim Jupitermound Kallisto hunn d'Aschlagkratere keng Rankrampelien oder Zentralbierger, wéi si fir den Äerdmound oder de Planéit Merkur typesch sinn. Déi dënn Äiskuuscht vum Rhea huet iwwer geologesch Zäitraim ewech noginn, woubäi esou Strukturen ausgeglach goufen. Op der nächster Hemisphär vum Mound sinn hell Sträifen op enger däischterer Uewerfläch souwéi ettlech Aschlagkrater ze gesinn. D'Sträife entstoungen an enger fréierer Entwécklungsphas duerch Kryovulkanismus (Kale Vulkanismus), wou de Kär vum Mound nach flësseg war.

Den Rhea huet eng visuell Magnitude vun 9,7m an ass domat, vun der Äerd aus gesinn, ee vun den hellste Saturnmounde. Fir de Mound ze gesinn, brauch een en Teleskop mat enger Objektivëffnung vun 10 cm.

Bei Moossresultater vun der Raumsond Cassini aus dem Joer 2005 huet eng Astronomegrupp Hiweiser op e Ranksystem aus Stëbs a bis zu engem Meter grouss Gestengsstécke ëm de Saturnmound fonnt. D'Moossinstrumenter vun der Sond hunn a bestëmmte Noberäicher vum Mound eng Konzentratioun vu Stëbspartikelen an dofir eng staark Deziméierung vun Elektrone vun der Saturnmagnetosphär registréiert. De Rhea wier domat den éischte Mound mat engem Ranksystem. Als Beweis hat nëmmen nach eng Foto gefeelt.[3] An der Tëschenzäit steet fest, datt de Rhea keng Réng huet, well op Fotoe keng konnte fonnt ginn.[4]

Atmosphärspur

[änneren | Quelltext änneren]
En Deel vun der Rheauewerfläch (2013).

Beim Laanschtfluch vun der Raumsond Cassini am Mäerz 2010 op enger Distanz vun nëmme 97 km hat e Massenspektrometer u Bord vun der Sond, Spuere vu Sauerstoff a Kuelendioxid registréiert. Déi Mound-Atmosphär huet op der Dagsäit däitlech méi Mass. Fuerscher huelen un, datt de Sauerstoff entsteet, wann elektromagnéitesch Stralung op d'Waasseräis vun der Mounduewerfläch trëfft an déi zersetzt. D'Kuelendioxid entsteet méiglecherweis bei der Oxidatioun vun organesche Moleküllen oder staamt aus Ausgasunge vum Uewerflächenäis.[5],[6]

Portal Astronomie

Commons: Rhea – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cassini: A Discovery of Two New Planets about Saturn, Made in the Royal Parisian Observatory by Signor Cassini, Fellow of Both the Royal Societys, of England and France; English't Out of French. Phil. Trans. January 1, 1673 8: 5178–5185; (Volltext).
  2. Rhea im Gazetteer of Planetary Nomenclature der IAU (WGPSN)/USGS; gekuckt de 25. September 2016.
  3. wissenschaft.de: Ringe für Rhea. 7. Mäerz 2008.
  4. Astronomie-Heute Artikel von Tilmann Althaus: Keine Ringe um Saturnmond Rhea Datum: 2. August 2010, dee gëtt als Quell: „Cornell University: von Lauren Gold: No rings around Saturn's Rhea, astronomers find. un. Datum: 29. Juli 2010“. Gekuckt den: 28. November 2010.
  5. Spiegel Online: "Cassini" entdeckt Sauerstoff-Atmosphäre um Rhea
  6. B. D. Teolis, G. H. Jones et al.: Cassini finds an oxygen–carbon dioxide atmosphere at saturn’s icy moon Rhea, Science-Online, 25. November 2010.

[1]

  1. Roatsch, T.; Jaumann, R.; Stephan, K.; Thomas, P. C. (2009). "Cartographic Mapping of the Icy Satellites Using ISS and VIMS Data". Saturn from Cassini-Huygens. pp. 763–781. ISBN 978-1-4020-9216-9.