Op den Inhalt sprangen

Äismound

Vu Wikipedia
De Saturnmound Enceladus
Hypothetesche Schnëtt vum Jupitermound Europa

Äismounde sinn an der Astronomie natierlech Satellitten, bei deenen d'Uewerfläch haaptsächlech aus Äis (meeschtens awer net nëmme Waasseräis) besteet. D'Uewerfläch vu sou engem Himmelskierper entsprécht domat der Uewerfläch vun enger vollkommener an heiansdo enger voluminéiser Kryosphär.

All bekannt Äismounde sinn am baussenzege Sonnesystem op enger Distanz vum Zentralstär déi Säit vun der sougenannter Äislinn. Bei der Genesis vun de Planéiten a Mounden aus der protoplanetarescher Scheif desubliméiert déi Säit vun där Linn d'Waasseräis aus dem Gas vun der Scheif.

Wéinst hiren niddregen Temperaturen op der Uewerfläch, gëtt et op ville Mounden am baussenzege Beräich vun de Gasplanéiten e groussen Deel vum Waasser, a Form vun Äis. An hirem Kär kann et awer, duerch den héijen Drock, souwéi duerch Hëtzquellen wéi Gezäitekräften oder radioaktiv Nukliden, Waasser a flësseger Form ginn. Déi flësseg Waasserkierper, extraterrestresch Ozeanen, kéinten d'Viraussetzunge fir ausserierdescht Liewe bidden.

Dat klassescht Beispill fir en Äismound ass de Jupitermound Europa.

Phasendiagramm vum Äis mat e puer vun den 18 entdeckten Äisformen (Januar 2004)

Äismounde kënnen op hirer Uewerfläch déi selwecht Strukture wéi Gestengsmounden hunn, also Krateren, Grief a Rillen. Si kënnen och eng Aart vu "kalem" Vulkanismus, déi een als Kryovulkanismus bezeechent, souwéi Geysiren hunn.

An hirem Kär kënnen Äismounden en differenzéierten Opbau an dobäi e subglazialen Ozean ënner der Äisdecken hunn, souwéi e Gestengskär aus silikateschem oder metalleschem Material. Och komplex Schuelestrukture si méiglech. Duerch Gezäitekräften (Gezäitereiwung) kënne si bannen opgewiermt ginn.

Bei verschiddenen Äismounde gëtt ugeholl, datt si ënner hirer Uewerfläch Schichte vun Äismodifikatiounen hunn, déi nëmme bei héijem Drock virkommen (Héichdrockäis).[1] Baussent dem Sonnesystem kéint et och Äisplanéiten an héchstwarscheinlech äiseg Exomounde ginn. Den Neptun an den Uranus zielen zu der Ënnergrupp vun de sougenannten Äisrisen, gigantesch Gasplanéite mat Äis am Kär.

Fuerschungsmissiounen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumsond JIMO (Jupiter Icy Moons Orbiter) vun der NASA gouf zanter 2003 fir d'Erfuerschung vun den Äismounde Ganymed, Kallisto an Europa geplangt. D'Missioun gouf awer 2005 aus Budgetsgrënn nees gestoppt.

Zanter 2012 gëtt vun der ESA d'Raumsond JUICE (Jupiter Icy Moon Explorer; lëtzb. Jupiter-Äismound-Fuerscher) fir déi véier Galiléiesch Mounden entwéckelt. Hire Start ass fir Juni 2022 geplangt.

Äismounde vum Jupiter

[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht vun de bekannte 67 (Stand: 2014) Mounde vum Jupiter bestinn haaptsächlech aus Silikatgestengs. Dräi vun de véier Galiléiesch Mounden sinn Äismounden.
Kuckt och: * Lëscht vun de Jupitermounden

Ganyme säi neit Schichtemodell mat villen Ozeane an Äiszorten (englesch Beschrëftung)

De Ganymed ass dee gréisste Jupitermound. D'Auswäertung vun den Date vun der Raumsond Galileo weist drop hin, datt et sech bei him ëm en differenzéierte Kierper handelt, deem säi Schuelenopbau aus véier Schichten besteet: E relativ klenge Kär aus Eisen oder Eisesulfid huet e Mantel aus Silikatgestengs an driwwer läit eng ronn 800 km déck Schicht aus mëllem Waasseräis mat enger baussenzeger haarder Äiskuuscht.

No engem neie Modell vun der Kuuscht wier et och méiglech, datt ënner der Äisuewerfläch e liicht salzhaltegen Ozean ass, an deem sengem ënneschte Beräich, sech wéinst dem héijen Drock, Kristaller vun enger dichten Äiszort bilden. Déi enthale Salzer gi fräi a falen no ënnen, wou si mat Waasser den ënneschte salzhaltegen Ozeandeel bilden. Dee schwëmmt op enger weiderer Schicht vun enger nach méi dichter Äiszort, déi nees op engem nach méi salzhaltegen an domat nach méi dichten Ozean schwëmmt, deen op dem Ganymed sengem Gestengsmantel läit.

Bannenzegen Opbau vum Kallisto: dat Bannenzegt besteet aus Eis a Gestengs, driwwer läit e méiglechen Ozean, op der Uewerfläch ass eng Äisschicht

De Kallisto ass deen zweetgréisste Jupitermound an huet déi héchsten Dicht un Aschlagkrateren am ganze Sonnesystem. Bei den Aschléi entstane konzentresch rankfërmeg Erhiewunge präegen d'Uewerfläch; gréisser Gebiergszich sinn net ze fannen. Dat léisst drop schléissen, datt d'Uewerfläch vum Kallisto haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat ass. D'Äiskuuscht huet iwwer geologwsch Zäiträim ewech noginn, woubäi eeler Krater a Gebiergszich verflaacht goufen.

Déi visuell Uewerfläch läit op enger Äisschicht, déi eng geschaten Déckt vun 200 km huet. Drënner ass warscheinlech een 10 km déiwen Ozean aus flëssegem Salzwaasser, wourop magnéitesch Miessunge vun der Raumsond Galileo hiweisen. E weideren Indiz fir flëssegt Waasser ass d'Tatsaach, datt op der entgéintgesater Säit vum Krater Valhalla keng Bréch a Verwerfungen ze gesi sinn, wéi si op massive Kierper, wéi dem Äerdmound oder dem Planéit Merkur observéiert kënne ginn. Eng Schicht flëssegt Waasser huet héchstwarscheinlech d'seismesch Schockwelle reduzéiert, ier si sech duerch de Moundkär beweegt hunn.

Europa: E Gebitt mat Lineae, Domes an donkle Flecken; den Ausschnëtt ass 140 km × 130 km grouss
Bannenzegen Opbau vum Europa: de Kär besteet aus Eisen oder Néckel (gro duergestallt), ëmginn vun enger Gestengsschicht (brong). Driwwer ass e méiglchen Ozean (blo). D'Uewerfläch gëtt aus Äis gebilt.

Den Europa ass dee véiertgréisste vun de Jupitermounde an huet mat enger Albedo vu 0,64 eng ganz hell Uewerfläch: 64 % vum agestralte Sonneliicht gi reflektéiert. D'Uewerfläch vum Europa setzt sech aus Äis zesummen. Säin opfällegst Zeechen ass e Netzwierk vu roudelzege Grief a Rille déi kräiz a quer verlafen, déi d'ganz Uewerfläch iwwerzéien. D'Rillen hunn gläichen de Rëssen a Verwerfungen op irdeschen Äisfelder. Déi méi grouss sinn ongeféier 20 Kilometer breet an hunn ondäitlech baussenzeg Ränner souwéi e bannenzege Beräich aus hellem Material.

D'Uewerflächentemperatur vum Europa erreecht maximal −150 °C. Déi glat Uewerfläch an d'Strukturen erënnere staark un Äisfelder an de Polarregiounen op der Äerd. Et gëtt ugeholl, datt ënner Europan senger Äiskuuscht en Ozean aus flëssegem Waasser befënnt, deen duerch Gezäitenkraafte erwiermt gëtt. Bei de niddreger Uewerflächentemperatur ass Waassereis haart wéi Gestengs. Déi gréisst visuell Kratere goufe mat frëschem Äis ausgefëllt an ausgeglach. Dëse Mechanismus souwéi Berechnunge vun deenen duerch d'Gezäitekräfte verursaacht Erwiermung loossen drop schléissen, datt d'Kuuscht vun Europa aus Waasseräis vu ronn 10 bis 15 Kilometer déckt ass. Deen drënner leienden Ozean kënnt eng Déift vu bis zu 100 Kilometer hunn. De Volume vu flëssegem Waasser wier domat méi wéi duebel sou grouss wéi dee vun den ierdeschen Ozeaner.

Detailléiert Fotoe weisen, datt sech Deeler vun der Äiskuuscht géintenee verzunn hunn an zerbrach sinn, a sou e Muster vun Äisfelder entstanen ass. D'Beweegung vun der Kuuscht gëtt vu Gezäitekräfte verursaacht, déi d'Uewerfläch ëm 30 m hiewen a senke léisst. D'Äisfelder missten duerch d'gebonne Rotatioun e bestëmmt, virausgesot Muster opweisen. Weider Fotoe weisen dogéint, datt nëmmen déi geologesch jéngst Gebidder sou e Muster hunn. Aner Gebidder wäiche mat zouhuelendem Alter vun deem Muster of. Dat kann domat erkläert ginn, datt sech d'Uewerfläch vum Europa e bëssi méi séier beweegt wéi de bannenzege Mantel an de Kär.

Den Amalthea ass en onreegelméisseg geformte Kierper mat enger klenger Dicht vun nëmmen 0,86 g/cm3. Dat schwätzt fir e poréisen Opbau aus Waasseräis. Méiglecherweis handelt et sech ëm en "zougelafenen" Objet, deen entweeder aus dem baussenzege Jupitersystem staamt oder op groussem Sonnenofstand entstanen an duerch d'Unzéiungskraaft vum Jupiter agefaangen ginn ass.

Äismounde vum Saturn

[änneren | Quelltext änneren]

All 62 (Stand: September 2014) bekannte Mounde vum Saturns (wou d'Dicht bekannt ass) bestinn héchstwarscheinlech aus engem gréisseren Deel aus Waasseräis a silikateschem Gestengs. Hir Dicht variéiert vun ongeféier 0,5 g/cm³ (Waasseräis mat klengem Deel u silikateschem Gestengs) bis ongeféier 2,3 g/cm³ (Waasseräis mat héijem Deel un silikateschem Gestengs). Well vu ville vun den 62 Saturnmounden kaum eppes bekannt ass, ass et net ausgeschloss, datt sech dorënner Mounde befanne kéinten, déi net gréisstendeels aus Äis bestinn.
Kuckt och: * Lëscht vun de Saturnmounden

Schnëttzeechnung zu der Illustratioun vum Titan sengem bannenzegen Opbau

Den Titan ass de gréisste Saturnmound. Säi feste Kierper setzt sech ronn zur Hallschent aus engem Mantel vu Waasseräis an zur anerer Hallschent aus engem Kär vu silikateschem Gestengs zesummen. Radarmiessunge vun der Cassini-Sond deiten drop hin, datt ënner der Äiskuuscht en Ozean aus flëssegem Waasser existéiert. D'Déckt vun der Äiskuuscht gëtt op ronn 80 Kilometer geschat.

No engem Modell, dat vum Jupitermound Europa op den Titan iwwerdroe gouf, kann d'Wäermtentwécklung duerch Gezäitereiwung och ënner senger Äiskuuscht zu enger opgeschmolzener Schicht gefouert hunn.

D'Existenz vun engem Ozean an der Déift bedeit geologesch gesinn, datt déi driwwer leiend Kuuscht méi beweeglech misst sinn wéi op Himmelskierper, déi duerchgéiend fest sinn, wéi beispillsweis den Äerdmound. D'Kuuschtbeweeglechkeet féiert zu den observéiert tektonesche Grousstrukture a geneesou zum Kryovulkanismus, woubäi ugeholl ka ginn, datt och Waasser aus dem ënnergrënnegen Ozean direkt um Äisvulkanismus beteelegt ass, wéi et bei der Äerd mam Magma aus dem Mantel de Fall ass. Wéi op Enceladus schonn nogewise gouf, kënnen d'Kuuschtbeweegungen aleng lokal sou vill Wärmt produzéieren, datt bedeitend Deeler un Äis an de Beweegungszone verflëssegt ginn a Kryovulkanismus produzéieren.

D'Cassini-Sond huet och entdeckt, datt iwwer de Titanbierger d'Unzéiung méi schwaach ass wéi iwwer flaache Géigenden. D'Fuerscher huelen dofir un, datt d'Äis ënner Bierger méi déif an den Ozean erareeche wéi bei Flaachland. D'Auswäertung vu Schwéierfeldmiessunge vum Cassini hunn erginn, datt de méiglechen Ozean staark salzhalteg misst sinn. Hien ass dobäi anzefréieren, woufir déi baussenzeg Äisschicht iwwer him ganz starr dierft sinn.

De Rhea, zweetgréisste vun de Saturnmounden, besteet zu ongeféier zwee Drëttel aus Waasseräis an aus engem Kär vu silikatgestengs. Seng dënn Äiskuuscht huet iwwer geologesch Zäitraim ewech noginn. Op der nächster Hemisphär vum Rhea sinn hell Sträifen op enger donkler Uewerfläch souwéi e puer Aschlagkrateren ze gesinn. D'Sträifen entstongen an enger fréierer Entwécklungsphas duerch Kryovulkanismus, wéi dat Bannenzegt vum Mound nach flësseg war.

De Iapetus ass den drëttgréisste Saturnmound a bal ganz aus Waasseräis mat klengen Deeler un silikateschem Gestengs opgebaut. D'Uewerfläch vum Iapetus kann duerch hir Verfierwung an zwou verschidde Regiounen ënnerdeelt ginn. Déi féierend Hemisphär (Cassini Regio genannt) ass mat enger Albedo vu 0,03 bis 0,05 ganz däischter a roudelzeg gefierft. Déi follgend Hemisphär (Roncevaux Terra genannt) ass mat enger Albedo vu 0,5 sou hell wéi de Jupitermound Europa. Den Hellegkeetsënnerscheed ass esou opfälleg, datt de Cassini de Mound mam Teleskop nëmmen op enger Säit vum Saturn observéiere konnt. Huet de Mound der Äerd déi donkel Regioun zougedréit, blouf hien onsiichtbar. De Iapetus huet vun alle Kierper am Sonnesystem de gréissten Hellegkeetskontrast. Déi hell Säit ass veräist a staark verkratert. No neieste Fuerschunge soll de Iapetus a senger Jugend séier rotéiet hunn an nach net gefruer gewiescht sinn, well hie vu radioaktive Stoffer (26Aluminium an 60Eisen) mat relativ kuerzer Hallefwäertzäit opgeheizt gouf. Duerch déi séier Rotatioun bekoum hien eng ausgebeulte Form. D'Aktivitéit vun den Isotope huet ofgeholl, an de Iapetus gouf fraschteg, ir sech d'Rotatiounsdauer op den haitege Wäert agependelt hat.[2],[3]

Den Dione ass dee véiertgréisste Saturnmound an haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat. An hirem Kär musse gréisser Deeler un dichterem Material sinn, beispillsweis silikatescht Gestengs. Ënnersich duerch d'Raumsond Cassini deiten drop hinn, datt den Dione d'selwecht wéi den Enceladus eng Schicht aus flëssegem Material ënnert der Uewerfläch kéint hunn. Verzerrunge vun der Kuuscht ënner der Gebiergskette Janiculum Dorsa weisen hinn op eng bannenzeg Erwiermung a fir astronomesch Moossstief jéngerer Zäit.[4]

Den Tethys ass de fënneftgréisste Saturnmound an en äisegen Himmelskierper, d'selwecht wéi déi grouss Saturnmounde Dione a Rhea. Hir kleng Dicht weist drop hinn, datt hie gréisstendeels aus Waasseräis zesummegesat ass. D'Mass u Gestengs kann 6 % vun der ganzer Mass vum Mound net iwwerklammen. Een opfällegt Zeechen um Tethys ass e risegen Dall, Ithaca Chasma, deen ongeféier 100 km breet an dräi bis fënnef Kilometer déif ass. Mat enger Längt vun 2.000 km leeft et zu ongeféier dräi Véirel ëm de Mound. No enger Theorie kéint et geformt gi sinn, wou flëssegt Waasser am Kär vum Mound gefruer ass an d'Uewerfläch duerch d'Ausdeenung opgerass ass.

Méigleche subglazialen Ozean an der Südpolregioun vum Enceladus

Den Enceladus ass de sechsgréisste Saturnmound a méiglecherweis haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat, deen 99 % vum agestralte Sonneliicht reflektéiert an hie soumat aussergewéinlech hell erschénge léisst. En Deel vu senger Uewerfläch schéngt mat engem geschaten Alter vun 100 Millioune Joer relativ jonk ze sinn. Dat deitt dorop hinn, datt den Enceladus geologesch aktiv ass. Ursaach ass méiglecherweis de Kryovulkanismus, bei deem d'Waasser aus dem Mound austrëtt a sech iwwer d'Uewerfläch verdeelt.

Gravimetresch Miessunge deiten drop hinn, datt sech ënner dem Äis vun der Südpolregioun en Ozean aus Waasser läit. Dobäi goufe Laanschtflich vum Cassini benotzt: D'Verdeelung vun de Mass am Kär vum Mound beaflosst d'Fluchbunn vun der Sond, wat iwwer d'Dopplerverrécklung vun de Funksignaler vermooss ka ginn. Domat gouf eng Regioun mat héijer Dicht entdeckt, déi als Waasserozean mat enger Déift vun 10 km ënner 30 bis 40 km Äis interpretéiert gëtt.

De Mimas ass de siwentgréisste Saturnmound a warscheinlech haaptsächlech aus Waasseräis mat klengem Deel u silikateschem Gestengs zesummegesat. Well d'Dicht vum Mimas eppes méi héich läit wéi d'Dicht vu Waasser – dat als eenzeg Komponent spektroskopesch geséchert nogewise konnt ginn – ass et méiglech, datt de Mimas en differenzéierte Kierper ass, deen e klenge Gestengskär mat engem décke Mantel aus Waasseräis opweist. De Mimas huet eng ganz héich Albedo vun ongeféier 0,962.

Am Joer 2010 huet d'NASA eng Temperaturkaart vum Mimas publizéiert, wouno d'Temperature awer entgéint den Erwaardungen ongläichméisseg verdeellt sinn, well déi wäermste Regioune vum Mound sech an der Géigend vum Mueresterminator (dee Beräich, wou grade eréischt d'Sonn opgaangen ass) souwéi un de béide Polarregioune läit.

Ënnersich vu Cassini-Daten am Oktober 2014 loossen drop schléissen datt de Kär vum Mound entweeder ongeformt ass oder datt de Mimas e flëssegen subglazialen Ozean huet.

Den Hyperion ass fir seng Gréisst een am stäerksten onreegelméisseg geformte Kierper am Sonnesystem. Hien ass haptsächlech aus poréisem Waasseräis mat klengen Deeler un silikateschem Gestengs opgebaut. Am Ënnerscheed zu den meeschte Saturnmounde huet den Hyperion mat enger Albedo vu 0,25 eng donkel Uewerfläch. No Ënnersich vun der Raumsond Cassini vun 2005 handelt et sech bei den donkelen Oflagerungen ëm Kuelewaasserstoffverbindungen déi d'Waasseräiskäre verschmotzen.

Bis zum Joer 2000 golt de Phoebe als de baussenzegte Saturnmond. Mat 1,63 g/cm3 huet hien nom Titan déi zweethéchst Dicht. Säi Bannenzegt muss ausser Äis e gréisseren Deel un dichtem Material hunn, eventuell un silikateschem Gestengs. Déi meescht grouss Saturnmounde hunn eng ganz hell Uewerfläch, dogéint ass déi vum Phoebe mat enger geometreschen Albedo vu 0,081 extreem donkel. Méiglecherweis ass (d'selwecht wéi beim Hyperion) d'Eis op der Uewerfläch verdreckt.

Äismounde vum Uranus

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi bei de Mounde vum Saturns, bestinn warscheinlech all 27 (Stand: September 2014) bekannten Uranus-Mounde gréisstendeels aus Waasseräis. Hir Dicht variéiert relativ wéineg vun ongeféier 1,3 g/cm³ bis maximal 1,5 g/cm³. Nëmmen dräi vun de véier gréisste Mounde, Titania, Oberon an Ariel hnn eng e bëssi méi héich Dicht.
Kuckt och: * Lëscht vun den Uranusmounden

Den Titania ass dee gréisste Mound vum Uranus an huet eng mëttel Dicht vun 1,71 g/cm3. Déi kleng Dicht an déi héich Albedo loossen unhuelen, datt den Titania aus ronn 50 % Waasseräis, 30 % silikateschem Gestengs an 20 % Kuelestoffverbindungen souwéi weidere schwéieren organesche Verbindungen zesummegesat ass. D'Presenz vu Waasseräis gëtt duerch infrarout spektroskopesch Ënnersich vun 2001 bis 2005, hunn kristallint Waasseräis op der Uewerfläch vum Titania zum Virschäin bruecht. Dat schéngt op dem Titania senger féierender Hemisphär méi staark vertrueden ze sinn. De Grond dofir ass onbekannt, mä et schéngt vum Bombardement geluedener Deelercher vum Uranus’ senger Magnéitosphär hierzeréieren, déi op der follgender Hemisphär duerch d'Co-Rotatioun vum Plasma méi staark vertrueden ass.

D'Waasseräis-Gestengs-Méschung an déi méiglech Presenz vu Salz oder Ammoniak – déi de Gefréierpunkt vu Waasser erof loossen – weisen drop hinn, datt tëscht dem Kär an dem Äismantel vum Titania méiglecherweis en ënnerirdeschen Ozean wéi op dem Jupitermound Europa existéiere kënnt. D'Déift vum Ozean géi an dësem Fall ronn 50 km bedroen, d'Temperatur wier ongeféier ëm −83 °C (190 K). Déi aktuell bannenzeg Struktur hänkt staark vun der thermescher Geschicht vum Titania of, déi nach net genuch bekannt ass.

De Mound Oberon, opgeholl vum Voyager 2, 1986

Den Oberon ass den zweetgréisste Mound vum Uranus an huet eng mëttel Dicht vun 1,63 g/cm3. Déi kleng Dicht an d'Albedo loossen unhuelen, datt den Oberon aus ronn 50 % Waasseräis, 30 % silikateschem Gestengs an 20 % Kuelestoffverbindungen a Stéckstoffverbindungen souwéi weidere schwéieren organesche Verbindungen zesummegesat ass. D'Verhältnes vum Waasseräis zu Gestengs steet am Aklang mat den anere gréissere Mounden vum Uranus. D'Presenz vu Waasseräis gëtt duerch infrarout spektroskopesch Ënnersich gestëtzt, déi kristallint Waasseräis op der Uewerfläch vum Oberon zum Virschäin bruecht hat. Dat schéngt op dem Oberon senger nofollgender Hemisphär méi staark vertrueden ze sinn; dat ass e grousse Géigesaz zu den anere groussen Uranusmounden, déi op der féierender Hemisphär de gréisseren Deel hunn.

Den aktuellen Zoustand vum Äismantel ass nach onkloer. Wann am Äis genuch Substanze wéi Salz oder Ammoniak sinn, kéint tëscht dem Kär an dem Äismantel méiglecherweis en ënnerirdeschen Ozean wéi um Jupitermound Europa existéieren. D'Déift vum Ozean géif an deem Fall hei ronn 40 km hunn, d'Temperatur wier ongeféier ëm −93 °C (180 K). Déi aktuell bannenzeg Struktur hänkt staark vun der thermescher Geschicht vum Oberon of, déi nach net genuch bekannt ass.

Den Umbriel ass deen drëttgréisste Mound vum Uranus an huet eng mëttel Dicht vun 1,39 g/cm³. Unhand vun der niddreger Dicht geet een dovun aus, datt den Umbriel aus ronn 60 % Waasseräis zesummegesat ass. Weider huet hien Deeler vu silikateschem Gestengs a Kuelestoffverbindungen wéi Methan an dem organesch schwéieren Tholin. D'Presenz vu Waasseräis gëtt duerch infrarout spektroskopesch Ënnersich gestëtzt, déi kristallint Waasseräis op d'Uewerfläch vum Umbriel zum Virschäin bruecht huet. Dat schéngt op dem Umbriel senger féierender Hemisphär stärker vertrueden ze sinn. De Grond dofir ass onbekannt, mä et schéngt vum Bombardement geluedener Deelercher vum Uranus senger Magnéitosphär hierzeféieren, déi op der follgender Hemisphär duerch d'Co-Rotatioun vum Plasma méi staark vertrueden ass.

Datt am Äismantel vum Umbriel en ënnerirdescher Ozean wéi um Jupitermound Europa existéiere kënnt, gëllt no leschten Ënnersich als onwarscheinlech.

Den Ariel ass den hellste a véiertgréisste Mound vum Uranus. Hien huet eng mëttel Dicht vun 1,66 g/cm³. Seng Albedo läit bei 0,39. Et geet een dovun aus, datt den Ariel aus ronn 50 % Waasseräis, 30 % silikateschem Gestengs an 20 % Kuelestoffverbindungen wéi Methan an dem organesch schwéieren Tholin zesummegesat ass. D'Presenz vum Waasseräis gëtt duerch infrarout spektroskopesch Ënnersich gestëtzt, déi dat kristallint Waasseräis op d'Uewerfläch vum Ariel zum Virschäin bruecht hat. Dat scheint auf Ariels führender Hemisphäre stärker vertreten zu sein. Der Grund dafür ist unbekannt, doch es schéngt vum Bombardement geluedener Deelercher vun der Uranus Magnéitosphär hierzeréieren, déi op der follgender Hemisphär duerch d'Co-Rotatioun vum Plasma méi staark vertrueden ass.

D'Gréisst, d'Waasseräis-Gestengs-Mëschung an déi méiglech Presenz vu Salz oder Ammoniak – déi de Gefréierpunkt vum Waasser erofsetzen – weisen drop hinn, datt den Ariel en differenzéierte Kierper ass, mat engem Gestengskär an engem Mantel aus Waasseräis. Datt am Äismantel vum Ariel en ënnerirdeschen Ozean wéi um Jupitermound Europa existéiere kéinte, gëllt no leschten Ënnersich als onwarscheinlech.

De Mound Miranda, baséierend op Mosaikfotoe vum Voyager 2, 1986

De Miranda ass de fënneftgréisste Mound vum Uranus. Hien huet eng mëttel Dicht vun 1,21 g/cm³. Si besteet haaptsächlech (ongeféier 80 %) aus Waasseräis, mat Deeler vu silikateschem Gestengs, a Kuelestoffverbindungen, wéi Methan, zesummegesat. De Miranda huet epuer opfälleg Zeechen, déi warscheinlech op Kryovulkanismus resp. Upwelling zeréckzeféieren sinn.

Äismounde vum Neptun

[änneren | Quelltext änneren]

Méiglecherweis bestinn all 14 (Stand: 2014) bekannte Neptun-Mounde gréisstendees aus Waasseräis. Hir Dicht variéiert relativ knapps vun ongeféier 1,2 g/cm³ bis maximal 1,5 g/cm³. Nëmmen den Triton huet eng eppes méi héich Dicht, wärend de Galatea eng kleng Dicht vun nëmmen 0,75 g/cm³ opweist a soumat warscheinlech zu de Rubble Piles gehéiert.
Kuckt och: * Lëscht vun den Neptunmounden

Triton, opgeholl vu Voyager 2, 1989

Warscheinlech besteet den Triton aus engem differenzéierten Opbau, engem Kär aus silikateschem Gestengs an enger Kuuscht aus Waasseräis. Fuerschungsresultater aus dem Joer 2012 weisen ausserdeem op d'Méiglechkeet hinn, datt en dënnen, ammoniakräichen Ozean ënner der Uewerfläch existéiere kënnt. D'Energie, fir den Ozean ënner der Uewerfläch bei −90 °C flësseg ze halen, soll vum Zerfall radioaktiver Stoffer am Kär vum Triton an der Gezäitereiwung, dee beim Ëmlaf ëm de Neptun entsteet, staamen.

De Nereid ass den drëttgréisste Mound vum Neptun. Am Spektrum erschéngt de Nereid gro gefierft. Spektral beweegt sech de Nereid tëscht den Uranusmounde Titania an Umbriel, wat op eng Uewerflächenzesummensetzung vu Waasseräis – dat 1998 vun der Grupp ëm de Michael E. Brown identifizéiert gouf – a spektral neutralem Material hiweist. Vum Spektrum hier gläicht de Nereid éischter dem Proteus wéi dem Triton an ass opfälleg anescht wéi d'Asteroiden vum baussenzege Sonnesystem, wat éischter op eng Genesis am Neptunsystem hindeit.

Transneptunesch Äismounde

[änneren | Quelltext änneren]

Ettlech vun den transneptuneschen Zwergplanéiten hunn och Mounde mat de Charakteristika vun engem Äismound. Erwänenswäert sinn och déi äiseg Zwergplanéiten, z. B. : Ixion, Orcus, Quaoar an Sedna souwéi Haumea.

Zwou ënnerschiddlech Theorien zum bannenzegen Opbau vum Charon

Dem Charon seng mëttel Dicht gouf mat 1,71 g/cm³ bestëmmt. Hie sollt domat zu 55–60 % aus Gestengs an zu 40–45 % aus Waasseräis bestoen; en evidenten Ënnerscheed zu Pluto, deem säi Gestengsdeel bei ronn 70 % läit. Zum bannenzegen Opbau vum Charon gëtt et zwou Theorien: Entweeder ass de Charon en differenzéiert opgebaute Kierper mat engem Gestengskär an Äismantel, oder hie besteet aus enger eenheetlecher Äis-Gestengs-Mëschung. Duerch d'Entdeckung vun Hiweise op Kryovulkanismus gëtt déi éischt Theorie favoriséiert. D'Uewerfläch vum Charon schéngt aus Waasseräis ze bestoen.

Hiʻiaka an Namaka (Haumea)

[änneren | Quelltext änneren]

Staark Absorptioun bei Wellelängte vun 1,2 an 2 Mikrometer am infraroude Spektrum weisen drop hin, datt d'Uewerfläch vun de Mounde Hiʻiaka an Namaka haaptsächlech aus Waassereis besteet.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Tilmann Althaus: Planetenmond, Titan – eine Welt mit Charakter. ASTROnews, 24. Februar 2012, gekuckt de 27. Februar 2012.
  2. [1]
  3. Archive copy Archivéiert de(n) 2021-02-11. Gekuckt de(n) 2017-07-09.
  4. Verbuergenen Ozean och op dem Saturnmound Dione? auf astronews.com