Am Diagramm stinn d'Bunnhallefachse vun de baussenzegen Neptunmounden (a Mio. km, horizontal Achs) géint hir Bunnschréi (an °, vertikal Achs). D'Kreesser illustréieren déi relativ Moundgréissten a stinn net moossstäflech zu de Bunnelementer. Déi giel Linne stellen de Spillraum tëscht dem neptunnächste resp. -wäitste Punkt vun der jeeweileger Moundëmlafbunn duer.
An dëser Lëscht vun den Neptunmounde stinn all déi bis elo bekannt natierlech Satellitten vum PlanéitNeptun. Si ass der Gréisst vun de mëttlere Bunnradien no opgelëscht. Aktuell Neientdeckungen hunn e virleefege Zuelecode, bis si vun der IAU och en Numm kréien.
Eng Bunnschréi vu méi wéi 90° bedeit, datt de Satellit den Neptun réckleefeg ëmkreest. An der Reegel beweege sech d'Mounden am selwechten Dréisënn ëm de Planéit, wéi dee mat deem de Planéit ëm seng eegen Achs rotéiert.