Diagramm an deem d'Bunnhallefachse vun de baussenzegen Uranus-Mounden (a Mio. km, horizontal Achs) géint hir Bunnschréi (a °, vertikal Achs) opgedroe ginn. D'Kreesgréisste sollen nëmmen déi relativ Moundradien illustréieren a sinn net am Moossstaf zu de Bunnelementer. Déi giel Linne stellen de Spillraum tëscht dem uranusnächste resp. -wäitste Punkt vun der jeeweileger Moundëmlafbunn duer.
An dëser Lëscht vun den Uranusmounde stinn déi bis ewell (Stand: 01.2015) bekannt natierlech Mounde vum PlanéitUranus. Si ass no der Gréisst vun der Moyenne vun de Bunnradien zortéiert. Aktuell Neientdeckungen hunn e virleefegen Zuelecode, bis si vun der Internationaler Astronomescher Unioun och en Numm kréien.
Eng Bunnschréi vu méi wéi 90° bedeit, datt de Mound den Uranus réckleefeg ëmkreest. An der Reegel beweege sech d'Mounden am selwechten Dréisënn ëm de Planéit, wéi dee mat deem de Planéit ëm déi eegen Achs rotéiert.