Kryosphär
D'Kryosphär (Algriichesch: κρύος kryos‚ ‚Frascht‘) ass dat ganzt Virkommen vum festen Waasser (Äis) op engem Himmelskierper.[1] Wéinst der klenger Dicht vum Äis ass et an der Reegel no bei der Uewerfläch vum Himmelskierper a kann zudeem selwer entweder Deeler vun der Uewerfläch oder souguer déi ganz Uewerfläch bilden.
Kryosphär vun der Äerd[änneren | Quelltext änneren]
D'Kryosphär vun der Äerd ëmfaasst:
- Mieräis a Schelfäis
- Landäis a Gletscher
- Äis an Permafrostbuedem an Äishöhlen
- Äiskristalle a Wolleken souwéi Schnéi an Äisdecken op Bannegewaasser als generell resp. joreszäitlech staark verännerlech Komponenten
Si ass Deel vun der Hydrosphär a wéi déi en Deel vum Sphäresystem vun der Äerd. D'Kryosphär vun der Äerd huet grouss Bedeitung fir d'Klimasystem, well d'Äis reflektéiert wéinst sengem héije Réckstralverméigen (Albedo) eng grouss Mass déi vun der Sonn ausgoender Stralung, aschléisslech der Wiermestralung, un de Weltraum. Ausdeenung a Réckzuch vu kontinentalen Äisschëlden an Mieräisflächen hunn dofir Réckkopplungseffekter op dem Ofhuele resp. dem Eropklamme vun der duerchschnëttlecher Welttemperatur.
Aner Himmelskierper[änneren | Quelltext änneren]

Wärend d'Kryosphär op der Äerd nëmmen en extreem klengen Deel vum ganze Planéitevolumen huet, ass deen Deel bei zolitten Objeten am bausse Sonnesystem bedeitend méi grouss.
An der Déift vu sou Äismounde läit d'Äis warscheinlech a sougenannte Héichdrockmodifikatioune vir, déi jee eng aner Kristallstruktur an eng méi héich Dicht hunn, wéi "normaalt" Äis.[2]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- All About the Cryosphere. Websäit vum National Snow and Ice Datacenter (NSIDC) vun den USA iwwer d'Kryosphär vun der Äerd.
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Christiane Martin, Manfred Eiblmaier (Hrsg.): Lexikon der Geowissenschaften. 6 Bänn. Spektrum Akademischer Verlag, Heidelberg ë. a. 2000–2002, ISBN 3-8274-1655-8.
- ↑ Tilmann Althaus: Planetenmond, Titan – eine Welt mit Charakter. ASTROnews, 24. Februar 2012, gekuckt de 27. Februar 2012.