Äerdsphär

Vu Wikipedia
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

D'Äerdsphär bezeechent Phenomeener vum Planéit Äerd, déi eng raimlech Ausdeenung hunn a sech fir gewéinlech wéi eng méi oder manner kompakt Schuel ëm de ganzen Himmelskierper leeën.

D'Atmosphär leet sech schuelenaarteg ëm d'Äerd. Doranner ass si d'selwecht wéi vill aner Äerdsphären.

Begrëff[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Geschicht vum Begrëff Äerdsphär 

D'Benotzung vum Wuert "Äerdsphär" huet am naturwëssenschaftleche Schrëftgebrauch zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert zougeholl.[1],[2] Deemools gouf d'Wuert nach als Synonym gebraucht fir "Äerdkugel" oder "Planéit Äerd". Ufank vum zwanzegste Joerhonnert huet sech déi haiteg Wuertbedeitung duerchgesat. Am däitschsproochege Raum gouf se haaptsächlech 1903 vum däitsche Geograph Alfred Hettner agesat.[3] Zanterhir bilt Äerdsphär. den Uewerbegrëff, ënner deem Atmosphär, Geosphär, Lithosphär a vill weider Sphäre-Begrëffer gesammelt ginn.

D'Figur[änneren | Quelltext änneren]

Vill vun de bekanntsten Äerdsphären hunn d'Figur vun zouenen Schuelen. Si leeë sech – d'selwecht wéi Huelkugelen – ëm de ganze Planéit. Sou Äerdsphäre sinn zum Beispill d'Atmosphär an d'Lithosphär. D'Loft vun der Atmosphär engersäits ëmhüllt déi ganz fest Äerd, hir baussenzeg Schuel anerersäits, gëtt iwwerall vun der Lithosphär gebilt.

Aner Äerdsphären hunn och e schuelenaartegt Ausgesinn, allerdéngs hunn hir Schuelen eidel Plazen. Sou eidel, schuelefërmeg Äerdsphäre sinn zum Beispill d'Kryosphär an d'Granitosphär. Déi grouss Äisschëlter vun der Kryosphär sinn engersäits a Grönland an an der Antarktis, tëscht de béide Gebidder breet sech e risegen onveräiste Korridor mat nëmme wéinege Bierggletscher aus. D'Granitgestengs vun der Granitosphär bilt engersäits zwar groussvolumeg Deeler vun der kontinentaler Äerdkuuscht, bannen der ozeanescher Äerdkuuscht awer feele se komplett.

Ettlech Äerdsphären hunn néierens grouss ausgedeente Flächen. Dofir fannen si sech awer op ville klenge Virkomme verdeelt iwwer d'ganz Äerd. Hiert Ausgesinn gläicht manner enger Schuel als villméi engem Fleckemuster. Wann déi verschidde Virkomme mateneen a Verbindung an Austausch stinn, kann och e netzaartegt Ausgesinn ugeholl ginn. Sou fleckenaarteg oder netzaarteg Äerdsphäre sinn zum Beispill d'Pyrosphär an d'Noosphär: D'Magmen vun der Pyrosphär engersäits bilden keng global duerchgoend Schicht, mä sinn a villen Eenzelvirkommen opgespléckt. D'Noosphär anerersäits entsteet duerch den netzwierkaartegen, kommunikativen Austausch tëscht ideen-bildenden an ideen-weiderentwéckelnden Persounen.

Wéinst senger Gestalt stellt den Äerdzentrum eng Ausnam ënner den Äerdsphäre duer. Well de banneschten Äerdkär bilt keng Huelkugel, mä eng Vollkugel mam Äerdmëttelpunkt als Zentrum.

D'Lag[änneren | Quelltext änneren]

Gasblosen am Äis: D'Atmosphär duerchzitt d'Kryosphär.[4]
Déi äerduewerflächewäit, déif Äerdsphäre goufen duerch d'seismologesch Analyse vun Äerdbiewewellen identifizéiert.

Vill Äerdsphäre si ganz oder groussdeeleg op der Äerduewerfläch – oder op d'mannst knapps uewer- oder ënnerhalb vun hir. Sou äerduewerflächeno Äerdsphäre sinn zum Beispill d'Dekompositiounssphär mat hire Korrosiounsdecken an d'Phytogeosphär, déi all terrestresch Planzen faasst.

Verschidden Äerdsphären ëmwéckelen de Planéit op klenger oder gréisserer Distanz zu der Äerduewerfläch an, ouni direkt mat hir verbonnen ze sinn. Sou äerduewerflächewäit an héich Äerdsphäre sinn zum Beispill d'Exosphär als iewescht Schicht vun der Atmosphär an der Elektrosphär, bannenzeg därer d'Atmosphär eng méi héich elektresch Leetfäegkeet huet.

Ausserdeem existéieren eng Rei vun Äerdsphären, déi komplett op enger Distanz ënner der Äerduewerfläch leien. Esou äerduewerflächewäit, déif Äerdsphäre sinn zum Beispill d'Asthenosphär als Schicht liicht ugeschmolzener Gestengs ënner der Lithosphär an der Barysphär, déi virun allem aus Eisen opgebaut ass a sech am Zentrum vum Planéit befannen.

Doriwwer eraus besti vill Äerdsphäre net schéi getrennt niewenteneen. Dofir duerchdréngen an duerchwierken si sech op vill Aart a Weis. Esou duerchdréngend Äerdsphäre sinn zum Beispill d'Hydrosphär an d'Atmosphär, déi alle béid – als Buedemwaasser an als Buedemloft –d'Biedem vun der Pedosphär duerchzéien.

Zäitlech Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Unhand vun den Ennmoränenzich vun der Saale-Veräisung (giel) an der Weichsel-Veräisung (rout) an Norddäitschland kann novollzu ginn, datt sech d'Dimensioun vun der Kryosphär äerdzäitlech ännert.
Dageszäitleche Wiessel vun der Ionosphär.
D'Fläch vun der Chionosphär – d'Schnéidecken weltwäit – ännert mat de Joreszäiten.

D'Gestalt an d'Lag vun den Äerdsphäre kënne sech am Laf vun der Zäit änneren. Si waren och net am Ufank vun der Äerd uwiesend. Si hunn sech zu bestëmmten Zäitpunkten eréischt geformt a wäerten héchstwarscheinlech iergendwann och nees verschwannen. Beispiller:

  • D'Ausdeenung vun der Ionosphär ass duerch dageszäitlech Schwankunge bedéngt. Si bilt sech an der Héichatmosphär duerch ioniséierend Strale vun der Sonn. Wéinst der feelender Sonnestralung baut si sech Nuets bal vollstänneg of.
  • Die Ausdeenung der Chionosphäre ënnerläit jahreszeitlichen Schwankungen. Wärend des Winters können sich ihre Schneedecken weit ausbreiten. Andererseits schrumpft sie im Sommer zusammen bis auf wenige Schneefelder in Hochgebirgen und Polargebieten.
  • D'Ausdeenung vun der Kryosphär ënnerläit äerdzäitleche Schwankungen. Wärend der kaler Zäit (Kalzäit) kann d'Mieräis wäit a Richtung Equator virdréngen a grouss Kontinentgebidder ginn ënner Landäis begruewen. Wärend der waarmer Zäit (Waarmzäit) zitt sech d'Kryosphär ganz wäit zeréck bis op déi héchst Bierger a Polarregiounen. Wärend der Period vum Cryogenium war esouguer bal d'ganz Äerd äisbedeckt.[5]
  • D'Ozonosphär hat sech eréischt viru ronn méi wéi zwou Milliarde Joer gebilt. Virdrun hate bestëmmt Mikroorganismen déi oxygen Photosynthes evoluéiert. D'Sauerstoffmolekülle sinn eropgeklommen a goufe vum Sonneliicht zu den Ozonmoleküllen vun der Ozonosphär ëmgebaut.[6]
  • D'Magnéitosphär gëtt gebilt vum Äerdmagnéitfeld, dat duerch Wärmestréimung bannent der flësseger Eiselegéierung am baussenzegen Äerdkär produzéiert gëtt. D'Äerdmagnéitfeld wäert an dräi bis véier Milliarde Joer vergoen, wann de baussenzegen Äerdkär sou gutt wéi ganz ausgehärt ass.[7],[8]

Gruppen[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Lëscht vun den Äerdsphären 

D'Äerdsphäre loosse sech an dräi Gruppe andeelen. Déi éischt Grupp besteet aus de natierlechen Äerdsphären. Déi natierlech Äerdsphären existéieren ouni Hëllef vum Mënsch. Si bestinn also grondsätzlech onofhängeg vu mënschlecher Kultur – obwuel vill vun hinnen haut duerch mënschlecht Wierken dacks beaflosst ginn. D'Erfuersche vun de natierlechen Äerdsphären ënnerläit der Physiogeographie (Naturgeographie) an den iwwreger naturwëssenschaftleche Geowëssenschaften. Zu de natierlechen Äerdsphäre gehéieren zum Beispill Hydrosphär an Ökosphär.

Déi zweet Grupp vun den Äerdsphäre besteet aus de kulturbedéngten Äerdsphären. Déi kulturbedéngten Äerdsphären entstinn an existéieren eréischt duerch d'Mathëllef vum Mënsch. Si bestinn ofhängeg vu mënschlecher Kultur. D'Erfuersche vun de kulturbedéngten Äerdsphären ënnerläit der Anthropogeographie (Kulturgeographie) an de Kulturwëssenschaften. Zu de kulturbedéngten Äerdsphäre gehéieren zum Beispill Anthroposphär an Noosphär.

Déi drëtt Grupp vun den Äerdsphäre besteet aus den deelnatierlechen Äerdsphären. An deelnatierlechen Äerdsphären gi souwuel natierlech wéi och kulturbedéngt Raumeegeschaften an hire villfältege géigesäitegen Duerchdréngung a Wiesselwierkung kollektiv an zesummefaassend betruecht. D'Erfuersche vun den deelnatierlechen Äerdsphären ënnerläit der allgemenger Geographie. Zu den deelnatierlechen Äerdsphären gehéiert d'Landschaftssphär.

Ganzheetlech Usätz[änneren | Quelltext änneren]

D'System Äerd faasst all Saachen an allen Äerdsphären, zesumme mat hire villfälteger – och äerdsphär-iwwergräifenden – Wiesselwierkungen.

Schonn zwanzeg Joer nom Appell vum Ratzel fir eng hologäesch Äerdopfaassung huet de russesche Geowëssenschaftler Wladimir Iwanowitsch Wernadski op der Paräisser Sorbonne iwwer en Ökosystem dozéiert, dat déi ganz Äerd ëmspane sollt. Hien huet se Biosphär genannt.[9],[10] Es kann seit 1958 auch als Ökosphäre. bezeichnet werden.[11]

Weider goufen an de spéiden 1950er Joren an an de fréie 1960er verschidde Begrëffer virgeschloen, fir dee Raum ze bezeechnen. Och déi Konzepter hunn op ganzheetlech Betruechtunge gezilt. Et hat sech ëm d'(geographesch) Geosphär gehandelt[12] (Chorosphär)[13] an ëm d'Landschaftssphär.[14],[15]

Schliisslech entwéckelt den James Ephraim Lovelock vun 1986 un d'Gaia-Hypothees als alternative geowëssenschaftlechen Usaz.[16],[17],[18] Inhalter zu dëser Hypothees goufen ab 1983 an dat deemools nei benannte Fuerschungsfeld vum System Äerd integréiert.[19] De leschte Begrëff huet sech duerchgesat.[20],[21] Geméiss dem Konzept vum System Äerd ginn haut déi eenzel Äerdsphären zwar separat ausgewisen, awer hir grondsätzlech Verbonnenheet an hir villfälteg géigesäiteg Wiesselwirkungen ervirgehuewen.[22] Si ginn als villfälteg Deelsystemer (Subsystemer) vum gréisseren, iwwergräifenden an zesummenhängende System Äerd betruecht.[23] Domat schéngt aktuell d'Usiicht zu den Äerdsphären neibeliewt te sinn, déi schonn am Ufank vum Eduard Suess am Joer 1875 usazweis formuléiert gouf.[24]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • H. Eichler: Ökosystem Erde. Leipzig 1993, S. 35–40.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. H. Reinsch: Naturerkenntnis. Speyer 1856, S. 27.
  2. C. Flammarion: Die Mehrheit bewohnter Welten. Dresden 1864, S. 40–41.
  3. A. Hettner: Grundbegriffe und Grundsätze der physischen Geographie. An: Geographische Zeitschrift. 9 (1903), S. 23, 132.
  4. H. J. Schlichting: Phantom im Eis. In: Spektrum der Wissenschaft. 01 (2010), S. 40.
  5. P. F. Hoffman, A. J. Kaufman, G. P. Halverson, D. P. Schrag: A Neoproterozoic snowball Earth. In: Science. 281 (1998), S. 1342–1346.
  6. C. Goldblatt, T. M. Lenton, A. J. Watson: Bistability of atmospheric oxygen and the Great Oxidation. In: Nature. 443 (2006), S. 683.
  7. A. J. Meadows: The Future of the Universe. London 2007, S. 34.
  8. D. J. Stevenson: Introduction to planetary interiors. In: Proceedings of the International School of Physics "Enrico Fermi". 147 (2002), S. 605.
  9. V. I. Vernadsky: La Géochimie. Paris 1924.
  10. E. Neef: Geographie und Umweltwissenschaft. In: Petermanns geographische Mitteilungen. 116 (1972), S. 82.
  11. L. C. Cole: The ecosphere. In: Scientific American 4 (1958), S. 83–92.
  12. H. Carol: Zur Diskussion um Landschaft und Geographie. In: Geographica Helvetica. 11 (1956), S. 113–114.
  13. E. Winkler: Zu zwei neueren geographischen «Grundbegriffen». In: Geographica Helvetica. 15 (1960), S. 48.
  14. Ефремов, Георгий (Юрий) Константинович: Ландшафтная сфера Земли. In: Известия Всесоюзного географ об-ва. 6 (1959), S. 525–528.
  15. E. Winkler: Zu zwei neueren geographischen «Grundbegriffen». In: Geographica Helvetica. 15 (1960), S. 48.
  16. J. E. Lovelock, C. E. Giffin: Planetary atmospheres: compositional and other changes associated with the presence of life. In: Advances in the Astronautical Sciences. 25 (1969), S. 179–193.
  17. J. E. Lovelock: Gaia as seen through the atmosphere. In: Atmospheric Environment. 6 (1972), S. 579–580.
  18. J. R. Lovelock: Gaia: A New Look at Life on Earth. Oxford 1979.
  19. Earth System Science Committee: Earth System Science: A Program For Global Change. Washington DC 1986.
  20. P. Amtsfeld, J. Bauer, A. Gehrke, A. Hebel, F. Kietz, F-P. Mager, M. Schmidt, I. Werb, J. Wetzel: SEYDLITZ Geographie 5/6 • Baden-Württemberg. Braunschweig 2008, S. 118–119.
  21. R. F. J. Hüttl: Ein Planet voller Überraschungen: Neue Einblicke in das System Erde / Our Surprising Planet: New Insights into System Earth. Heidelberg 2011.
  22. H. J. de Blij, P. O. Muller: Physical Geography of the Global Environment. New York 1993, S. 13.
  23. P. Amtsfeld, J. Bauer, A. Gehrke, A. Hebel, F. Kietz, F-P. Mager, M. Schmidt, I. Werb, J. Wetzel: SEYDLITZ Geographie 5/6 • Baden-Württemberg. Braunschweig 2008, S. 118.
  24. E. Suess: Die Entstehung der Alpen. Wien 1875, S. 158.