Hydrosphär

Vu Wikipedia
D'Mier
Waasserdrëps op engem Blat
E Kanal (Canal du Midi bei Toulouse)

D'Hydrosphär (vum algriicheschen ὕδωρ, hýdor = Waasser an σφαίρα, sphaira = Kugel) ass eng Deelmantel vun der Geosphär vun der Äerd an ëmfaasst d'uewer- an ënnerierdesch Waasservirkommen.

D'Hydrosphär duerchdréngt d'Atmosphär, d'Lithosphär, d'Biosphär an d'Pedosphär. Dozou gehéieren d'Weltmierer, Flëss, Séien, awer och d'Grondwaasser an d'Waasser an der Atmosphär. D'Hydrosphär bedeckt ongeféier 75 % vun der Äerduewerfläch a beaflosst d'Klima an d'Biosphär fundamental a spillt eng wichteg Roll am globale Kuelestoffkreeslaf. Weiderhi si mat bestëmmter Sécherheet Waasservirkomme bis erof zu der Iwwergangszon tëscht ieweschtem an ënneschtem Äerdmantel beluecht. Doduerch reecht d'Hydrosphär bis wäit ënner d'Äerduewerfläch.[1].

Waasservirkommen op der Äerd (Hydrosphär) [2] Waasserquantitéit a km³ Undeel a %
Waasser am Weltmier 1 370 323 000 93,9339
Grondwaasser,

dovun am Beräich vum aktive Waasseraustausch

60 000 000

4 000 000

4,12

0,27

Waasser um Festland- a Gletscheräis 24 000 000 1,65
Waasser a Salz- a Séisswaasserséien,

dovun a Stauséien

280 000

5 000

0,019
Buedemfiichtegkeet,

dovu Bewässerungsundeel

85 000

2 000

0,006
Waasser an der Atmosphär 14 000 0,001
Waasser an de Flëss 1 200 0,0001
Total Waasserquantitéit 1 454 193 000 100

D'Kryosphär ass deen Deel vun der Hydrosphär, deen aus festem Äis besteet:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Anna Kelbert, Adam Schultz, Gary Egbert: Global electromagnetic induction constraints on transition-zone water content variations. In: Nature. 460, 2009, S. 1003–1006
  2. Dës Tabell baséiert op engem Schätzungswäert. Déi genee Quantitéit ass net bekannt. Jee no Quelle variéiert se tëscht 1.300 Mio. km³ an 1.600 Mio. km³