Äislinn

Vu Wikipedia

D'Äislinn respektiv Schnéilinn beschreift an enger protoplanetarescher Scheif deen Ofstand zum Protostär, an deem d'Temperatur e Wäert erreecht, an dem Waasseräis aus dem Gas vun der Scheif erauskondenséiert.

De Radius ass ofhängeg vun der Stralungsintensitéit vum Protostär, der Akkretiounsquot souwéi der Opazitéit an der Dicht an der Scheif. D'Temperatur läit am Beräich vun 145 bis 170 Kelvin an hänkt vum Partialdrock vum Waasserdamp op der Äislinn of. D'Äislinn trennt bei der Planéitegenesis de bannenzege Beräich, an deem Gestengsplanéiten entstinn, vum baussenzege Beräich, an deem Gasplanéiten auskondenséiere kënnen.

Op der anerer Säit vun der Äislinn kënnen och Äismounden entstoen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie