Pandora (Mound)

Vu Wikipedia
Pandora
(Saturn XVII)
Pandora, Foto opgeholl vun der Raumsond
Cassini-Huygens de 5. September 2005
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/1980 S 26
Zentralkierper Saturn
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 141.720 ± 10 km
Periapsis 141.125 km
Apoapsis 142.315 km
Exzentrizitéit 0,0042
Ëmlafzäit 0,628504213 Deeg
Inklinatioun 0,050 ± 0,004°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 80,6 ± 4,4
(103 × 80 × 64) km
Dicht 0,49 ± 0,08
Albedo 0,60
Visuell Magnitude (mag) 16,0
Entdeckung
Entdecker Stewart A. Collins
D. Carlson
Entdeckungsdatum Oktober 1980


De Pandora (oder Saturn XVII) ass vu bannen de sechste Saturnmound. Hien ass den zwieleftgréisste vun den 62 bekannte Mounde vum Planéit Saturn. Als sougenannte Schéifermound kreest hie baussenzeg vum F-Rank vun de Saturnréng a stabiliséiert dësen zesumme mam bannenzeg kreesende Mound Prometheus.

Den zaarten F-Rank schléisst direkt un den hellen, am Telesko sichtbaren A-Rank un, ass awer vun der Äerd aus net z'observéieren.

Entdeckungsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Pandora gouf Mëtt Oktober 1980 vun den Astronomen Stewart A. Collins an D. Carlson gläichzäiteg mam Mound Prometheus bei Fotoauswäertunge vu Biller vun der Raumsond Voyager 1, entdeckt.

Den 31. Oktober 1980 gouf d'Entdeckung vun der I.A.U. publizéiert. De Mound krut déi provisoresch Bezeechnung S/1980 S 26. De Pandora war de 15. entdeckten a konfirméierte Saturnmound. Duerch déi gläichzäiteg Entdeckung vum Prometheus a kuerz dono vum Atlas goufen déi réimesch Nummeréierunge an der Reiefolleg (vun ënnen no uewen) vun den Distanzen zum Saturn verginn an de Pandora krut sou d'Nummer XVII.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm ass aus pan fir all-, ganz, an doron fir Kado zesummegesat, traditionell gëtt en awer als schlau iwwersat.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Cassini-Foto vum 29. Oktober 2005 aus 459.000 km vum Pandora (Bildmëtt) an 483.500 km Distanz vum Prometheus

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

De Pandora kreest op enger prograder, bal kreesronner Ëmlafbunn op enger mëttlerer Distanz vun 141.720 km (zirka 2,351 Saturnradien) ëm de Saturnzentrum, also 81.452 km iwwer deem senger Wollekenuewergrenz. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,0042, d'Bunn steet ass 0,05° schréi zum dem Equator vum Saturn, läit also bal genee um Equatorplang vum Planéit. Wéinst der niddreger Exzentrizitéit variéiert d'Bunn an der Distanz zum Saturn ëm nëmme ronn 1.190 km.

D'Ëmlafbunn vum nächste bannenzege Mound Prometheus ass an der Moyenne 2.340 km vum Pandora-Orbit ewech, d'Distanz vun der Bunn zum nächste baussenzege Mound, dem Epimetheus an dem Janus ass an der Moyenne 9.690 respektiv 9.740 km.

De Pandora brauch 15 Stonnen, 5 Minutten an 2,8 Sekonne fir en Ëmlaf ronderëm de Saturn. E brauch fir en Ëmlaf ongeféier 23 Minutte méi wéi de bannenzegen Noper Prometheus.

Cassini-Foto vum Pandora an dem F-Rank

De Mound leeft zirka 1.500 km baussenzeg vum schmuele liichtschwaachen F-Rank ëm de Planéit. Hie beweegt sech an der Spléck tëscht dem F-Rank an dem 2006 entdeckten, ongeféier 5.000 km breede Janus-Epimetheus-Stëbsrank, vun deem senger bannenzeger Begrenzung de Pandora zirka 7.300 km ewech ass. Hie wierkt dobäi als baussenzege Schéifermound mat senger Gravitatioun op den F-Rank vum Saturn a verursaacht mat dem bannenzege Schéifermound Prometheus Deformatioune am Rank. Virun allem wierkt sech de Pandora och stabiliséierend op den F-Rank aus, hien hält de Rank vu baussen an de Prometheus vu bannen a senger schmueler Form.

D'Ëmlafbunn vum Pandora erschéngt chaotesch; si ass eng Konsequenz vu véier 121:118-Bunnresonanze mam Prometheus. Déi opfällegst Ännerungen an der Ëmlafbunn geschéien zirka all 6,2 Joer, wann d'Periapsis vum Pandora mat der Apoapsis vum Prometheus op enger Linn läit an déi béid Kierper eng Distanz vu ronn 1.400 km trennt. De Pandora selwer stéiert d'Ëmlafbunn vum bannenzegen Noper Atlas zu engem gewësse Grad, awer wäit manner wéi de bannenzege Schéifermound Prometheus, mat deem den Atlas an enger 54:53-Bunnresonanz ass. Dat féiert zu Ofwäichunge vun der Atlas-Bunn an der Längt vu bis zu 600 km (≈0,25°) vun der prezesséierender Keplerbunn mat enger Period vu graff 3 Joer. Ausserdeem läit de Pandora an enger 3:2-Resonanz mam Mimas.

Cassini-Foto vum Pandora.

2008 goufe weider Dynamiken an deem System entdeckt, déi drop hiweisen, datt kleng "Moonlets" de Saturn bannenzeg vum F-Rank ëmkreesen. Déi Moonlets, déi virleefeg als S/2004 S 3 an S/2004 S 4 (déi méiglecherweis de selwechte Kierper sinn an zanterhir net méi gesi goufen) an als S/2004 S 6 bezeechent ginn, si warscheinlech verklompt Rankgmaterial a passéiere wéinst Bunnstéierunge vum bannenzegen Noper Prometheus kontinuéierlech de schmuelen an dichtste Kär vum Rank.

De Mound kreest bannenzeg vun engem kriteschen Ofstand, der sougenannter Roche-Grenz, ëm de Saturn wat e gréissere Mound an deem Beräich zum Zerplaze bréngen dierft. Warscheinlech geschitt dat beim Pandora net, wéinst senger klenger Gréisst oder engem labbere bannenzegen Opbau.

Rotatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Rotatiounszäit ass d'selwecht wéi d'Ëmlafzäit an de Pandora huet domat, wéi den Äerdmound, eng synchron Rotatioun.Seng Rotatiounsachs steet bal genee vertikal um Bunnplang.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Cassini-Foto vum Pandora de 5. September, wourop d'Stralensystemer z'erkenne sinn.
Cassini-Foto vu Pandora den 3. Juni 2010 aus enger Distanz vun 101.000 km

Gréisst[änneren | Quelltext änneren]

De Pandora huet en Duerchmiesser vun an der Moyenne 80,6 km. Op de Fotoe vun de Cassini- an Voyager-Sonden erschéngt Pandora als en unreegelméisseg geformt, extreem längelzegen Objet mat Moosse vun 103 × 80 × 64 km, woubäi d'Längsachs op de Saturn ausgeriicht ass.

D'ganz Fläch vum Pandora huet geschaten 21.000 km², dat ass ongeféier d'Fläch vu Slowenien.

Bannenzegen Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pandora seng mëttel Dicht vun 0,49 g/cm³ ass vill manner wéi déi vun eiser Äerd a souguer vill méi niddreg wéi d'Dicht vum Saturn; si ass esou niddreg, datt de Pandora op Waasser schwamme géif. Dat weist drop hin, datt de Mound haaptsächlech aus Waasseräis zesummegesat ass.

Datt de Pandora de Saturn bannenzeg vun der Roche-Grenz ëmleeft, weist drop hin, datt si entweeder eng ganz fest bannenzeg Struktur huet, oder datt si zu den poröse sougenannte Rubble Piles gehéiert, déi duerch déi vergläichsweis schwaach Gravitatioun am Bannenzegen Huelraim opweisen. Duerch déi extreem niddreg mëttel Dicht ass déi leschtgenannt Hypothees méi warscheinlech.

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

D'Uewerfläch vum Pandora huet vill Aschlagkrater, méi wéi de Prometheus, awer manner wéi den Epimetheus an de Janus. Et loosse sech op d'mannst zwéi méi grouss Aschlagkrater mat 30 km Duerchmiesser erkennen. D'Uewerfläch huet och Stralesystemer.

De Pandora huet eng relativ héich Albedo vun zirla 0,60, wat bedeit, datt hien eng ganz hell Uewerfläch huet, déi 60 % vum agestralte Sonneliicht reflektéiert. Op hirer Uewerfläch ass d'Schwéieracceleratioun 0,0034 m/s², dat sinn ongeféier 3 ‰ vun der irdescher. D'Uewerflächentemperatur vum Pandora huet an der Moyenne ongeféier geschate −195 °C (78 K).

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Bescht Voyager-2-Foto vu Pandora 1981

De Pandora huet eng visuell Magnitude vu 16,3m, déi 1/1.900.000 vum Zentralplanéit ausmécht. Zanter der Entdeckung an der Confirmatioun 1980 an de Voyager-Laanschtflich gouf de Pandora vun äerdgebonne Teleskope souwéi vum Hubble-Weltraumteleskop ënnersicht an hir Bunnpararameter konnten doduerch preziséiert ginn.

De Pandora gouf bis elo vun dräi Raumsonde besicht, vun de Laanschtfluchsonden Voyager 1 an Voyager 2 souwéi dem Saturn-Orbiter Cassini, deen de Saturn vum 1. Juli 2004 bis zum 15. September 2017 ëmkreest hat. De Pandora gouf vum Cassini méi dacks an d'Viséier geholl, soudatt seng Gréisst a Form an hir orbital Parameter mëttlerweil zimmlech genee bekannt sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pandora – Biller, Videoen oder Audiodateien