United States Geological Survey

Vu Wikipedia
Logo vum USGS
USGS-Haaptsëtz zu Reston, Virginia

De United States Geological Survey (USGS) ass eng wëssenschaftlech Administratioun am Geschäftsberäich vum Inneministère vun de Vereenegte Staaten. Den USGS ass dat wichtegst Institut vun de Vereenegte Staaten fir d'amtlech Kartographie.

Agenden[änneren | Quelltext änneren]

D'Wëssenschaftler vum USGS ënnersichen d'Landschaften vun de Vereenegte Staaten an och vun aneren Natiounen, hir Ressourcen an d'Naturkatastrophen, déi si bedreeën.

Déi véier Haaptbeschäftegungsfelder sinn:

Zanter senger Grënnung den 3. Mäerz 1879 ass den USGS eng onofhängeg Fuerschungsorganisatioun ouni Reguléierungsverantwortlechkeeten. Vun 1962 un, bedeelegt sech den USGS souwuel un der Fuerschung wéi och der Hierstellung vu Kaarte vun der Äerd, dem Äerdmound an de Planéiten.

Den USGS ass déi eenzeg wëssenschaftlech Administratioun vum US-Inneministère a beschäftegt 8670 Mataarbechter (Stand 2009). Den Haaptsëtz ass zu Reston am Bundestaat Virginia, weider wichteg Büroen gëtt et zu Denver am Colorado an zu Menlo Park a Kalifornien.

D'Organisatioun ass wéi d'NOAA Member vun der Internationaler Charta fir Weltraum an Naturkatastrophen.

Zu de Projeten vum US Geological Survey, déi bis elo am längste lafen, gehéieren d'Ënnersich vun der San-Andreas-Verwerfung. Besonnesch Vermiessungen am kaliforneschen Duerf Parkfield, dat 1857 den Epizentrum vum Fort Tejon-Äerdbiewe war, sollen dozou bäidroen, d'Virausso vun Äerdbiewen ze verbesseren.

Am Summer 2006 hat d'Organisatioun zesumme mat der Indian Directorate General of Hydrocarbons (DGH) Erfuerschunge vu Gashydraten am Indeschen Ozean gemaach.

Zudeem bedreift d'Administratioun den National Wildlife Health Center (NWHC), eng Fuerschungsariichtung, déi sech mat der Erfuerschung vu Krankheeten bei wëll liewenden Déiere befaasst.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Administratioun publizéiert déi amtlech Kaarte vun de Vereenegte Staaten, an ass bekannt fir d'Benotze vum Moossstaf 1 : 24.000. Dat Kaartewierk heescht op Englesch 7.5-minute topographic quadrangle series.[2] Et gëtt och fir d'Kartographéierung vu Planéiten a Mounden aus eisem Sonnesystem benotzt.

Ausserdeem stellt den USGS d'Online-Datebank Geographic Names Information System (GNIS) bereet, een ëffentlech zougänglechen elektroneschen Uertsschaftslexikon.

Direktere vum USGS[änneren | Quelltext änneren]

De Clarence King, éischten Direkter vum USGS

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

De Budget fir d'Fiskaljoer 2013 war 1,103 Milliarden US-Dollar[3] dovun ënner anerem 153,7 Milliounen US-Dollar fir de Beräich Klimawandel, 144,8 Milliounen US-Dollar fir de Beräich Georisiken, 44 Milliounen US-Dollar fir d'Energietransitioun souwéi 209,8 Milliounen US-Dollar fir d'Recherche vu Waasserressourcen.

Zu Reston steet e Musée vum USGS, an deem nieft ville Portraite vun Direkteren an historeschen Ausrëschtungsgéigestänn och en Tout-terrain vun den US-Geologen, Ford Modell A aus den 1930er Joren ausgestallt ass.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: United States Geological Survey – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. www.usgs.gov Science Areas. Gekuckt de 7. Juli 2010.
  2. http://nationalmap.gov/ustopo/
  3. USGS Facts, gekuckt den 13. Dezember 2012.
  4. USGS-Museum, gekuckt den 13. Dezember 2012.