Jasmin-Revolutioun

Vu Wikipedia
Manifestatioun zu Tunis, 14. Januar 2011.

D'Tuneesesch Revolutioun vun 2010-2011 (الثورة التونسية), am Weste munnechmol Jasmin-Revolutioun genannt (ثورة الياسمين), ass eng gréisstendeels onbluddeg Revolutioun, déi duerch eng Rei vu Protester an net emol véier Wochen am Dezember 2010 an am Januar 2011 zur Flucht vum Ben Ali, President vun der tuneesescher Republik zanter 1987, gefouert huet. Ausléiser war de Suizid vum ambulante Geméishändler Mohamed Bouazizi de 17. Dezember 2010.

Den Ausdrock « Révolution de jasmin » gëtt a Fro gestallt, well dem Ben Ali seng Muechtiwwernahm am Joer 1987 « Révolution au jasmin » genannt gouf. D'Tuneesier hunn eng Preferenz fir d'Bezeechnung « Révolution pour la dignité » (ثورة الكرامة).

D'Tuneesesch Revolutioun ass um Urspronk vun enger Rei vu populäre Revolten, déi sech zanter dem Dezember 2010 a villen Arabesche Länner ofspillen a gemeinsam als Arabescht Fréijoer bezeechent ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tuneesesch Revolutioun 2010-2011 – Biller, Videoen oder Audiodateien