Zine el-Abidine Ben Ali

Vu Wikipedia
Zine el-Abidine Ben Ali
Gebuer 3. September 1936
Gestuerwen 19. September 2019
Jeddah
Nationalitéit Saudiarabien, Tunesien
Educatioun École spéciale militaire de Saint-Cyr
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Partei Onofhängeg

De Zine el-Abidine Ben Ali (Arabesch: زين العابدين بن علي); gebuer den 3. September 1936 zu Sousse, a gestuerwen den 19. September 2019 zu Dschidda, a Saudiarabien, war en tuneesesche fréieren Offizéier a Politiker (RCD) a vun 1987 bis 2011 President vun der Tuneesescher Republik.

De Ben Ali war ufanks Chef vum Sécherheetsdéngscht an dono Inneminister. 2. Oktober 1987 gouf hien zum Premierminister ernannt. Kuerz drop huet hien de Staatspresident Habib Bourguiba als senil erkläre gelooss an huet selwer de 7. November 1987 dat Amt iwwerholl.

Hien huet ufanks verschidde Reformen duerch- oder virugefouert. Säin autokratesche Stil - ë. a. huet hie Wale gefälscht, d'Oppositioun ënnerdréckt a sech a seng Famill duerch d'Kontroll vu ganze Wirtschaftssecteuren an op Käschte vun der Staatskeess ëm Honnerte vu Millioune beräichert - huet schlussendlech zu engem Volleksopstand gefouert, an hien ass de 14. Januar 2011 mat senger Famill a Saudiarabie geflücht.

2011 gouf zu Tunis e Prozess géint de Zine el-Abidine Ben Ali a seng Fra Leila Trabelsi gefouert; si goufen, par contumace, zu 35 Joer Prisong a Strofen a Milliounenhéicht veruerdeelt. Vum geklaute Volleksverméige konnte just kleng Brochdeeler séchergestallt ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bechir Turki: Ben Ali: le ripou. Sotepa Graphique, 2011, ISBN 978-9973-02-249-3.
  • Nicolas Beau, Caherine Graciet: La régente de Carthage. Main basse sur la Tunisie. Editions La Découverte, 2009, ISBN 2-7071-5262-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zine El Abidine Ben Ali – Biller, Videoen oder Audiodateien