José Ramos-Horta

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
José Ramos-Horta
2022-05-20 José Ramos-Horta.jpg
Gebuer 26. Dezember 1949
Dili
Nationalitéit Timor-Leste
Educatioun School of International and Public Affairs
Aktivitéit Politiker, Affekot, Rechtsberoder
Partei keng
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De José Manuel Ramos-Horta, gebuer de 26. Dezember 1949 zu Dili, deemools Portugisesch-Timor, ass e Politiker vun Timor-Leste.

1996 krut hien, zesumme mam Bëschof Carlos Filipe Ximenes Belo de Friddesnobelpräis fir seng Beméiungen, eng friddlech Léisung am Ost-Timor-Konflikt ze fannen.

Vun 2006 bis 2007 war de Ramos-Horta Premierminister vun Timor Leste a vum 20. Mee 2007 bis den 20. Mee 2012 war hien eg éischt Kéier Staatspresident. Den 11. Februar 2008 gouf hie bei engem Attentat schwéier blesséiert. Den 1. Januar 2013 gouf de Ramos-Horta zum UN-Sonnerbeoptragte fir Guinea-Bissau ernannt. Vun 2017 bis 2018 war hie Staatsminister a Conseiller fir Froen zu der nationaler Sécherheet.

Den 20. Mee 2022 gouf hien eng zweet Kéier als Staatspresident vun Timor-Leste vereedegt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: José Ramos-Horta – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]