Norman Ernest Borlaug

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Norman Ernest Borlaug
Norman Borlaug.jpg
Gebuer 25. Mäerz 1914
Gestuerwen 12. September 2009
Dallas
Nationalitéit USA, Brasilien
Educatioun University of Minnesota
Aktivitéit Biolog, Universitéitsprofesser, Bauer, Genetiker
Member vun Royal Society, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Chinesesch Akademie fir Ingenieurswëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Norman Ernest Borlaug, gebuer de 25. Mäerz 1914 zu Cresco, Iowa, a gestuerwen den 12. September 2009 zu Dallas, Texas, war en US-amerikaneschen Agrarwëssenschaftler.

Hien huet un der Ziichtung vun ë. a. Weess, Räis a Mais geschafft, déi et erméiglecht hunn, Recolte spektakulär z'erhéijen. Hie gëllt och als wiesentlechen Initiator vun der sougenannter Grénger Revolutioun an den Entwécklungslänner, déi Millioune Mënsche virum Erhéngere gerett huet.

Hien huet fir säin Asaz a seng Aarbechte fir den Ertrag vun der Landwirtschaft ze verbesseren, 1970 de Friddensnobelpräis kritt, an 2007 fir säi Liewenswierk d'Gëllen Éieremedail vum Kongress, déi héchst Distinctioun vun den USA.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Norman Borlaug – Biller, Videoen oder Audiodateien