Schimon Peres

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Shimon Peres)
Schimon Peres
Gebuertsnumm Szymon Perski, שמעון פרסקי
Gebuer 1. August 1923
Gestuerwen 28. September 2016
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Israel, Vëlkerbondsmandat fir Palestina
Educatioun New York University,
Harvard Universitéit,
The New School
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Dichter, Minister

De Schimon Peres (hebräesch: שמעון פרס, ursprénglech Szymon Perski), gebuer den 2. August 1923 zu Wiszniew, deemools a Polen, haut a Wäissrussland, a gestuerwen den 28. September 2016 zu Tel Aviv, war en israeelesche Politiker a Friddensnobelpräisdréier. Hie war vun 2007 bis de 24. Juli 2014 Staatspresident vun Israel.

Vidru war de Peres am Abrëll 1977 kuerz Ministerpresident vun Israel, dann nees vun 1984 bis 1986, an eng drëtt Kéier no der Ermuerdung vum Jitzchak Rabin, vun 1995 bis 1996. Hie war och, vun 2001 bis 2002, Vize-Regierungschef an Ausseminister an der Regierung vum Ariel Scharon, an dann nees vun 2005 bis 2007 ënner dem Ariel Scharon an dem Ehud Olmert. Den 13. Juni 2007 gouf hie vun der Knesset, dem israeelesche Parlament, als Nofollger vum Mosche Katzav zum néngte Staatspresident vun Israel gewielt. Hien huet dës Fonctioun de 15. Juli 2007 ugetrueden. Den 10. Juni 2014 gouf de Reuven Rivlin zu sengem Nofollger gewielt.

Hie war och e puermol President vun der israeelescher Aarbechterpartei Awoda, aus där en awer 2006 ausgetrueden ass.

De Peres gouf an den 1950er Joren Generaldirekter (Staatssekretär) am Verdeedegungsministère an huet an där Fonctioun wichteg Kontrakter iwwer Waffeliwwerungen u säi Land arrangéiert. 1959 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierten an d'Knesset gewielt.Vun 1959 bis 1965 war hien delegéierte Verdeedegungsminister. 1969 gouf e Minister fir Immigratioun an Integration, 1970 fir Verkéier a Kommunikatioun an 1974 fir Informatioun, fir kuerz dono als Nofollger vum Mosche Dajan Verdeedegungsminister ënnert dem Jitzchak Rabin ze ginn.

1994 krut hien zesumme mam Jassir Arafat an dem Jitzchak Rabin de Friddensnobelpräis fir seng Verdéngschter am Oslo-Friddensprozess.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Tamar Amar-Dahl: Shimon Peres. Friedenspolitiker und Nationalist. Schöningh Verlag, Paderborn 2010, ISBN 978-3-506769107.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Shimon Peres – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vgl. Raiko Hannemann: Rezension zu: Tamar, Amar-Dahl: Shimon Peres. Friedenspolitiker und Nationalist. Paderborn 2010. In: H-Soz-u-Kult, 1. Juli 2010.