Ariel Sharon

Vu Wikipedia
Ariel Sharon
Gebuertsnumm אריאל שיינרמן
Gebuer 26. Februar 1928
Gestuerwen 11. Januar 2014
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Israel, Vëlkerbondsmandat fir Palestina
Educatioun Hebräesch Universitéit Jerusalem,
Universitéit vun Tel Aviv
Aktivitéit Politiker, Offizéier

Den Ariel Sharon (Hebräesch: ריאל שרון), gebuer als Ariel Scheinermann de 26. Februar 1928 a gestuerwen den 11. Januar 2014, war en israeelesche Generol a Politiker. Hie war den 11. Premierminister vun Israel, ier en en Hiereschlag krut an zanterhier, bis zu sengem Doud, net méi aus dem Koma erwächt ass.[1]

De Sharon war, zanter hirer Grënnung 1948, Kommandant an der Israeelescher Arméi. Hien huet 1948 beim Onofhängegkeetskrich matgemaach, wou e Kommandant war, a war och 1956 bei der Suez-Kris derbäi, 1967 beim Krich vu Sechs Deeg, 1967-1970 beim Ofnotzungskrich, an 1973 beim Yom-Kippur-Krich. Als Verdeedegungsminister huet hien de Libanon-Krich vun 1982 geleet.

Hien hat de Ruff als ee vun de gréisste Strategen an als de beschte Kommandant vum Land.[2] No sengem Réckzuch aus dem Militär huet hien eng politesch Karriär ugefaangen. Hie war ee vun de Matgrënner vun der Likud, an hat 1977–1992 an 1996–1999 a verschiddene Regierungen, u deenen d'Likud bedeelegt war, Ministeschposten. 2000 gouf hien de Leader vn der Likud an du vun 2001 bis 2006 Premierminister.

1983 gouf hie vun der Kahan-Kommissioun, déi vun der israeelescher Regierung opgesat gi war, a senger Funktioun als Verdeedegungsminister wärend dem Libanon-Krich 1982, beim Massaker vu Sabra a Schatila fir "perséinlech responsabel" erkläert, "d'Gefor vu Bluttvergéissen a Revanche ignoréiert ze hunn", soudatt et zu deem Massaker u palestinenseschen Zivilisten duerch libaneesesch Milizen an deene Flüchtlingscampe koum.[3] D'Kahan-Kommission huet dem Sharon säi Récktrëtt recommandéiert, wat deen, obwuel ufanks dergéint, schlussendlech gemaach huet.

Vun 1970 bis an d'1990er Joren huet de Sharon sech fir de Bau vu israeelesche Siidlungen am Westjordanland an an der Gazasträif staark gemaach. Als Premierminister, 2004–2005, huet hien dann awer der Réckzuch vun den israeelesche Siidler aus der Gazasträif ordonéiert, wat him ë. a. staark Oppositioun bannent der Likud entgéint bruecht huet. Hien huet d'Likud dann och am November 2005 verlooss, fir eng nei Partei, Kadima, ze grënnen. De 4. Januar 2006 krut hien, ier en erëmgewielt konnt ginn, en Hiereschlag, a war zanterhier, bis zu sengem Doud, an engem permanente vegetativen Zoustand.[4] ¨

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ariel Sharon – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jonathan Lis: "Ariel Sharon, former Israeli prime minister, dies at 85." – National Israel News, Haaretz, January 11, 2014
  2. Michael Kramer, "Israel's Man of War", New York, S.19–24, August 9, 1982
  3. Schiff, Ze'ev; Ehud Ya'ari (1984). Israel's Lebanon War. Simon and Schuster. pp. 283–284. ISBN 0-671-47991-1.
  4. "Scientists say comatose former Israeli leader Ariel Sharon shows 'robust' brain activity". Fox News Channel January 28, 2013.