Krich vu Sechs Deeg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Territoiren, déi Israel virum (giel) an nom Krich vu Sechs Deeg (beige) kontrolléiert huet. Agekreest: d'Mierenkt vun Tiran.
Israelesch Eruewerung vun der Sinai-Hallefinsel, de 7. an 8. Juni.

Der Krich vu Sechs Deeg (arabesch: ‏حرب الأيام الستة‎ ḥarb al-ayyām as-sitta, hebräesch: מלחמת ששת הימים milchémet schéschet haJamim) war e Krich tëscht Israel a sengen arabeschen Nopeschstaaten Egypten, Jordanien a Syrien, dee vum 5. bis den 10. Juni 1967 gedauert huet.

Et war dëst, nom Israeleschen Onofhängegkeetskrich (1948) an der Suezkris (1956) den drëtten arabesch-israelesche Krich am Noen Osten.

E gouf declenchéiert, wéi Egypten d'Mierenkt vun Tiran, den Zougank zum Indeschen Ozean, fir israelesch Schëffer gespaart huet an eng 1000 Tanksen mat bal 100.000 Mann Arméi op der Sinai-Hallefinsel laanscht d'Grenz mat Israel opmarschéiere gelooss huet. De 5. Juni huet Israel iwwerraschend mat senger Loftarméi d'egyptesch Fligerbasen attackéiert a sougutt wéi all Fligeren um Buedem zerstéiert, sou datt eng egyptesch Loftattack op Israel onméiglech ginn ass. Gläichzäiteg huet Israel eng Buedemattack an d'Gazasträif an an d'Sinai-Hallefinsel ausgefouert, déi d'Egypter iwwerrascht huet, an se no e puer Deeg Kämpf mat héije Verloschter, zu engem onkoordonéierte Réckzuch déisäit vum Suezkanal gezwongen huet. De 7. Juni huet déi israelesch Arméi de Suezkanal erreecht a Sharm el Sheikh ageholl, an den 8. Juni war dee ganze Sinai ënner israelescher Kontroll.

Am Nomëtte vum 5. Juni huet den egyptesche President Nasser Syrien a Jordanien, déi e Verdeedegungspakt mat Egypten haten, dozou bruecht, Israel unzegräifen. Israel huet doropshin Ostjerusalem agekreest an de 7. Juni ugegraff an ageholl. Deselwechten Dag huet Israel Nablus a Bethlehem, déi op jordaneschem Territoire an der an d'West Bank (de: Westjordanland, fr: Taransjordanie) leien, eruewert. De jordanesche Kinnek Hussein huet doropshin e Réckzuch vu sengen Truppe bis déisäit vum Floss Jordan ugeuerdert, sou datt israelesch Truppen déi ganz West Bank besat hunn. De 5. Juni huet Israel och nach géint der Owend Loftattacken op déi syresch Loftarméi lancéiert, déi zwee Drëttel vun hire Fligere verluer huet. Den 9. Juni huet déi israelesch Buedemarméi de Plateau vu Golan am Süde vu Syrien ugegraff an den Dag drop eruewert.

Den 11. Juni gouf e Waffestëllstand ënnerschriwwen. De Bilan ware manner wéi 1000 Doudeger op israelescher Säit géintiwwer 20.000 op der arabescher.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Vill Judde déi an arabesche Länner gelieft hunn, goufen nom Krich gezwongen, dës ze verloossen. D'Suitë vum Krich vu Sechs Deeg daueren zum Deel bis haut un: Eng direkt Suite war de Yom-Kippur-Krich 1973, als Revanche vun de Verléierer.

Sinai gouf zwar 1982, nom Friddensaccord vu Camp David, un Egypten zréckginn, mee Israel huet bis haut d'Kontroll iwwer Ostjerusalem, d'Gazastäif, d'Westbank an de Golan-Plateau. Israel consideréiert Ostjerusalem (d'Alstad) als seng Haaptstad, wat vun der internationaler Communautéit awer net unerkannt gëtt. Ronn 300.000 Palestinenser sinn aus der Westbank a Jordanien geflücht, an eng 100.000 Syrier vum Golan-Plateau an d'Hannerland. Si liewe bis haut a Flüchtlingslageren, déi scho laang kee Provisorium méi sinn.

Den Ausgang vum Krich vu Sechs Deeg beaflosst deemno bis haut d'Geopolitik vun der Regioun, an absënns, den israelo-palestinensesche Konflikt.