Sinai-Hallefinsel

Vu Wikipedia
Kaart vun der Sinai-Hallefinsel
Foto aus dem Weltraum

D'Sinai-Hallefinsel (Arabesch: سيناء, Sīnāʾ) ass eng Hallefinsel, déi zu Egypten gehéiert.

Si läit op der Afrikanescher Plack tëscht dem dem afrikanesche Kontinent an der arabescher Hallefinsel, vun där se geologesch duerch de Jordangruef getrennt ass. Geographesch gëtt de Sinai zu Asien gezielt. Si ass ronn 61.000 km² grouss (annerhallefmol sou grouss wéi d'Schwäiz) a geet bis bei d'Rout Mier. Am Weste vun der Hallefinsel läit de Golf vu Suez, am Osten de Golf vun Aqaba.

D'Landschaft ass wüstenhaft a besteet am Süden haaptsächlech aus graffen, plakege Bierger. Op der Sinai-Hallefisel läit de Bierg Sinai an den Katharinebierg (Dschabal Katrina), dee mat enger Héicht vu 2637 m deen héchste Bierg op der Hallefisnel (a vu ganz Egypten) ass.

Politesch ass d'Hallefisel an zwéi Gouvernementer ënneragedeelt: Am Norde läit Schimal Sina mat der Haaptstad al-Arisch op der Côte vum Mëttelmier, mat ronn 128.000 Awunner (2005) déi gréisste Stad am Sinai; am Süden Dschanub Sina mat der Haaptstad at-Tur.

D'Hallschecht vun de ronn 1,3 Millioun Awunner sinn nach ëmmer Beduinen, déi a knapps 20 Stämm liewen an zum Deel nach en nomadescht Liewe féieren, andeems se vu Véizucht (Geessen, Schof, Dromedaren), un der Ostküst och vum Fëschfang, an ëmmer méi och vum Tourismus liewen.

Am Norde vun der Hallefinsel gëtt den As-Salam-Kanal gebaut, duerh deen d'Waasser aus dem Nil, ënner dem Suezkanal erduech, eropgeppompelt gëtt. op der Südspëtzt leien d'Stad Sharm El-Sheikh mat villen Hotellen an de Ras-Mohammed-Nationalpark, deen net bewunnt ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Sinai huet zum Aflossgebitt vum Alen Egypte gehéiert, a spillt eng wichteg Roll am Alen Testament vun der Bibel, notamment an där Geschicht, wou de Moses d'Zéng Geboter kritt huet.

An der Réimerzäit war et Deel vun der réimescher Provënz Arabia Petraea, déi 106 ënner dem Keeser Trajan geschaf gouf. 395 ass se un d'Byzantinescht Räich gefall, an zanter 640 an 642, wou d'Araber Ost-Roum eruewert haten, Deel vun der islamescher Welt.

Vu 1517 bis 1906 war de Sinai Deel vum Osmanesche Räich. 1906 goung en un Egypten. E puer Joerzéngter nom Bau vum Suezkanal (1859–1869) huet Groussbritannien Egypten mam Sinai am Dezember 1914 zu engem brittesche Protektorat erkläert.

Nodeems de Gamal Abdel Nasser de 26. Juli 1956 de Suezkanal verstaatlecht hat, sinn den 29. Oktober 1956 israeelesch Truppen duerch de Sinai bei de Kanal marschéiert, wat den Héichpunkt vun der Suezkris war. Franséisch a brittesch Truppen – déi zwee Länner haten duerch Pachtverträg d'Kontroll iwwer de Suezkanal – sinn och interveniéert an hu probéiert, d'Kontroll iwwer de Kanal erëmzekréien. Op politeschen Drock vun den USA an der Sowjetunioun hunn déi dräi net-egyptesch Truppe sech nees zeréckgezunn an d'United Nations Emergency Force (UNEF) gouf als éischt international UN-Friddenstrupp um Sinai stationéiert. Am Mee/Juni 1967 huet d'UNEF sech, op egyptesche Wonsch, zeréckgezunn.

Am Krich vu Sechs Deeg vun 1967 gouf d'Hallefinsel, wéi och d'Golan-Héichten a Syrien an d'Westbank vu Jordanien, duerch Israel besat. Déi ganz 1970er Joren duerch gouf et Friddensverhandlungen, déi mat engem Accord vu Camp-David 1978 an dem Israeelesch-egyptesche Friddensaccord 1979 ofgeschloss goufen, sou datt de Sinai 1982 nees un Egypten zeréckgoung. Schonns 1973 nom Jom-Kippur-Krich hat Egypten Territoirë laanscht de Kanal zeréckkritt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Theodor Wiegand (Hrsg.): Sinai. In: Wissenschaftliche Veröffentlichungen des Deutsch-Türkischen Denkmalschutz-Kommandos. Heft 1, Berlin 1920.
  • Alberto Siliotti: Sinai. Geschichte - Kunst - Touristik. Müller, Erlangen 1995, ISBN 3-86070-503-2.
  • Beno Rothenberg: Sinai - Pharaonen, Bergleute, Pilger und Soldaten. Kümmerly & Frey, Bern 1979.
  • Michel Rauch: Sinai und Rotes Meer (= DuMont-Reise-Taschenbücher. Bd. 2141). 1. Auflage, DuMont, Köln 1997, ISBN 3-7701-4036-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sinai Peninsula – Biller, Videoen oder Audiodateien