Trajan

Vu Wikipedia
Trajan
Gebuertsnumm Marcus Ulpius Traianus
Gebuer 18. September 53 jul.
Italica
Gestuerwen August 117 jul.
Doudesursaach Apoplex
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Staatsmann, Politiker, Offizéier
Famill
Bestuet mat Plotina
Papp Marcus Ulpius Traianus
Mamm Marcia
Geschwëster Ulpia Marciana
Kanner Hadrian

Den Trajan, gebuer den 18. September 53, zu Italica oder zu Roum[1], a gestuerwen den 8. August 117 zu Selinus, a Kilikien, war vu Januar 98 bis 117 réimesche Keeser. Säin Numm bei der Gebuert war Marcus Ulpius Traianus, als Keeser gouf hien Imperator Caesar Nerva Traianus Augustus genannt.[2]

Hie war deen éischte réimesche Keeser, deen aus enger Provënz hierkoum. Mat der Eruewerung vun Armenien, Mesopotamien a virun allem dem Dakerräich huet d'Réimescht Räich ënner senger Herrschaft seng gréisst Ausdeenung kannt. Innepolitesch huet den Trajan duerch eng ganz Rëtsch Bau- a Sozialmoossnamen Italie gestäerkt a gläichzäiteg d'Romaniséierung an de Provënze vum Räich virugedriwwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Karl Strobel: Kaiser Traian. Eine Epoche der Weltgeschichte, Friedrich Pustet, Regensburg 2010, ISBN 978-3-7917-2172-9
  • Annette Nünnerich-Asmus (Hrsg.): Traian. Ein Kaiser der Superlative am Beginn einer Umbruchzeit?. Philipp von Zabern, Mainz 2002, ISBN 3-8053-2780-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trajan – Biller, Videoen oder Audiodateien
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Karl Strobel: Kaiser Traian. Eine Epoche der Weltgeschichte. Regensburg 2010 S. 40.
  2. Wéi e gestuerwen ass, war säi kompletten Titel: Imperator Caesar divi Nervae filius Nerva Traianus optimus Augustus Germanicus Dacicus Parthicus, pontifex maximus, tribuniciae potestatis XXI, imperator XIII, proconsul, consul VI, pater patriae.