Hadrian

Vu Wikipedia
Hadrian
Büst aus der ZäIt vun 117 bis 138 n. Chr.
Gebuertsnumm Publius Aelius Hadrianus
Gebuer 24. Januar 76 jul.
Italica
Gestuerwen 10. Juli 138 jul.
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Politiker, Militär, Dichter
Famill
Papp Trajan

Den Hadrian (Publius Aelius Hadrianus, Titulatur als Keeser: Imperator Caesar Traianus Hadrianus Augustus), gebuer de 24. Januar 76 zu Italica, no beim haitege Sevilla oder zu Rom, a gestuerwen den 10. Juli 138 zu Baiae, war de ­ véierzéngte réimesche Keeser.

Hien huet vun 117 bis zu sengem Doud regéiert. Als Herrscher huet hie sech intensiv drëm gekëmmert, d'Eeenheet vum Réimesche Räich ze festegen, de Wuelstand ze fërderen, an d'Infra­struktur an d'Justiz ze stäerken. Seng Regierungszäit war, well e just e puer wéineg Kricher gefouert huet, gréisstendeels eng Period vu Fridden. Op militä­reschem Plang huet hie sech virun allem op eng effizienter Organisatioun vun der Verdeedegung vu Räich konzentréiert. Dozou hu besonnesch d'Grenzbefestegunge gehéiert, déi en uleeën oder ausbaue gelooss huet, dorënner och deen no him genannten Hadrians­wall. Hien huet déi grii­chesch Kultur héich an Éiere gehalen, besonnesch d'Stad Athen. A senger Regierungszäit goufen d'Bibliothéik vun Athen, de Pantheon an d'Engels­buerg zu Roum, sowéi d'Hadrians­villa bei Tivoli gebaut.

Privat huet seng homo­erotesch Bezéieung zum fréi gestuerwenen Antinoos eng zentral Roll gespillt. No sengem Doud huet den Hadrian am ganze Räich duerchgesat, datt e kultesch veréiert sollt ginn. Dës Veréierung huet am Osten, ma och an Italie vill Uklang fonnt.

Den Hadrian hat seng Nofolleg nach zu Liefzäiten op zwou Gene­ratioune festgeluecht, wat dozou gefeurt huet, datt seng Konsolidéierung vum Räich ënner sengen Nofollger Antoninus Pius a Marcus Aurelius konntvirugefouert ginn.