Jom-Kippur-Krich

Vu Wikipedia
Jom-Kippur-Krich
Installatioun vun engem EWK Gillois um Suezkanal
Datum 6. - 25. Oktober 1975
Plaz Sinai-Hallefinsel a Golanhéichten
Resultat Resolution 338 vum UN-Sécherheetsrot
Kontrahenten
Israel Egypten
Syrien
Kommandanten
Mosche Dajan
David Elazar
Israel Tal
Chaim Bar-Lev
Shmuel Gonen
Jitzchak Chofi
Benjamin Peled
Benjamin Telem
Abraham Adan
Ariel Scharon
Rafael Eitan
Mosche Peled
Saad El Shazly
Mustafa Tlass
General Shakkour
Naji Jamil
Hafiz al-Assad
Ahmad Ismail Ali
Husni Mubarak
Mohammed Aly Fahmy
Anwar Sadat
Abdel Ghani el-Gamasy
Abdul Munim Wassel
Abd-Al-Minaam Khaleel
Abu Zikry
Truppen op der Plaz
Verloschter
Konflikt
Noostkonflikt

De Jom-Kippur-Krich (Hebräesch: מלחמת יום כיפור) war e Krich vum 6. bis de 25. Oktober 1973, dee vun Egypten, Syrien an nach aneren arabesche Staate géint Israel gefouert gouf. Nom Palestinakrich (1948/49), der Suezkris (1956) an dem Krich vu Sechs Deeg vun 1967 war et de véierten arabesch-israeelesche Krich am Kader vum Noostkonflikt. Op der arabescher Säit geet éischter vum Ramadan-Krich oder Oktoberkrich (Arabesch: حرب أكتوبر oder حرب تشرين) rieds, well en dat Joer an de Faaschtemount Ramadan gefall ass.

En huet de 6. Oktober 1973, op Jom Kippur, deem héchste jiddesche Feierdag, mat engem Iwwerraschungsugrëff vun Egypten a Syrien op de Sinai an op d'Golanhéichten ugefaangen, déi 6 Joer virdru vun Israel wärend dem Krich vu Sechs Deeg eruewert gi waren. Déi zwéin éischt Deeg sinn d'egyptesch a syresch Arméie virukomm, dono huet d'israeelesch Arméi ugefaangen, se nees zeréckzedrécken. No zwou Woche waren d'Syrer nees komplett vun den Golanhéichten verdriwwen. Am Sinai huet d'israeelesch Arméi zwou egyptesch Arméien duerchbrach, ass iwwer de Suezkanal (déi al Linn vum Waffestëllstand vum Krich vu Sechs Deeg) ewech virugefuer an huet eng ganz egyptesch Arméi ofgeschnidden, ier de Waffestëllstand, dee vun der UNO ausgehandelt gi war, de 24. Oktober 1973 a Kraaft gertrueden ass.