Ramadan

Vu Wikipedia

De Ramadan (arabesch:رمضان, ramaḍān; "Summerhëtzt") ass de néngte Mount am islamesche Moundkalenner (12 Méint à 29 oder 30 Deeg) an den islamesche Faaschtemount. De Mount virdrun ass de Scha'ban, deen duerno de Schawwal.

Vun Ufank bis zum Enn vum Ramadan däerf keen Moslem (bis op e puer Ausnamen) den Dag iwwer weeder iessen oder drénken, nach intim Relatiounen hunn. D'Faaschte fänkt un, wann een um Horizont eng wäiss Sträif gesäit (e "wäisse Fuedem) an hält owes op mam Sonnenënnergang. D'Faaschte gëtt traditionell an der Famill a mat Invitéë gebrach.

Wärend dem Ramadan praktizéieren d'Moslemen ee speziellt Gebiet vu meeschtens 11 Gebietsunitéiten ("Raka") an der Moschee, dat bis zu iwwer enger Stonn dauere kann.

Speziell Deeg am Ramadan[änneren | Quelltext änneren]

An deene leschten 10 Deeg vum Ramadan läit "d'Nuecht vun der Bestëmmung", an där déi éischt Verse vun Koran iwwermëttelt goufen. Dacks gëtt den Datum vum 27. Dag vum Ramadan uginn. Déi Nuecht vum 27. op den 28. Ramadan ass immens wichteg well se am reliéise Sënn vill "Hasanat" (gutt Doten) mat sech bréngt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ramadan – Biller, Videoen oder Audiodateien