Suezkanal

Vu Wikipedia
Lag vum Suezkanal

De Suezkanal (och Sueskanal, ar.: قناة السويس, Qanāt as-Suwais) ass e Schëfffahrtskanal an Egypten tëschent den den Hafestied Port Said a Port Taufiq bei Suez, deen d'Mëttelmier iwwer den Isthmus vu Suez mam Roude Mier verbënnt an et de Schëffer tëscht dem Nordatlantik an dem Indeschen Ozean erspuert, ronderëm ganz Afrika missen ze fueren. E Schëff, dat vu Rotterdam op Singapur fiert, brauch sou z. B. just 8.281 Séimeilen amplaz 11.755 Séimeilen, deemno der 3.647 manner.

De Suezkanal gouf de 17. November 1869 opgemaach, an en e ass 162,25 km laang. 2009 goufen d'Zoufaartsweeër op den zwou Säiten duerch Kanäl verdéift, soudatt seng Lägt ewell am Ganzen 193,30 km ass.[1] De Kanal gëtt als Grenz tëscht Afrika an Asien betruecht.[2]

De Suezkanal huet keng Schleisen an ass mat Mierwaasser gefëllt, dat vun den zwou Säiten nolafe kann.

Vum Juni 1967 (Krich vu Sechs Deeg) bis Juni 1975 war de Suezkanal gespaart.

De Suezkanal ass zanter Januar 2010 24 m déif. Zanterhir däerfen d'Schëffer, déi derduerch fueren, en Déifgang vu max. 20,1 m respektiv 66 Fouss hunn. Bei Schëffer, déi méi breet wéi 50 m. sinn, ass de maximalen Déifgang graduell méi kleng: E 77,5 m breet Schëff däerf da maximal nach just 12,2 m déif am Waasser leien. Et gëtt fir Schëffer och eng maximal Héicht vun 68 m, well um Wee d'Suezkanalbréck bei El Qantara nëmme 70 m iwwer dem Waasser ass.

De Kanal ass am Norden um Waasserspigel 345 m breet an op der Suel 215 m. Am Süde sinn dat repsektiv 280 m an 195 m. En ass eespuereg, dofir gëtt et 3 Plazen ënnerwee déi méi breet sinn, wou d'Schëffer laanschtenee kënne kommen: Port Said Eastern Entrance, Ballah By-Pass a Grousse Batterséi.

Zanter dem 26. Juli 1956 ass d'Suez Canal Authority Proprietär vum Kanal, déi e géréiert, fir seng Sécherheet verantwortlech ass, an e wann néideg reparéiert an ausbaut. Si kritt de Péage vun de Schëffer, déi duerchfueren. 2012 waren dat z. B. 5.129,7 Mio. USD fir am Ganze 17.225 Schëffer[3] deemno ronn 298.000 USD pro Schëff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst der evidenter Topographie gouf et scho laang d'Iddi, e Kanal ze bauen (notamment vun der Republik Venedeg an dem Osmanesch Räich), mee eréischt Miessungen, déi ëm 1850 vun der Société d'Études du Canal de Suez maache gelooss gi sinn, hu confirméiert, datt, anescht wéi virdru gemengt, d'Mëttelmier an den Indeschen Ozean gläich héich wieren, an et deemno net zu Stréimunge kéim, déi de Kanal futtimaache géifen.

De franséische Jurist an Diplomat Ferdinand de Lesseps den 30. November 1854 fir seng Compagnie universelle du canal maritime de Suez eng Konzessioun op 99 Joer kritt, fir de Suezkanal bauen ze loossen. D'Pläng stame vum éisträicheschen Eisebunnspionéier Alois Negrelli. Mam de Lesseps huet och de franséischen Ingenieur Voisin-Bey geschafft. De 25. Abrëll 1859 hunn d'Aarbechten ugefaangen. Et war deemools dee gréisste Schantje vun der Welt, well och déi ganz Innfrastruktur ronderëm huet missen opgebaut an erbäitransportéiert ginn, ugefaange beim Drénkwaasser iwwer all Nol a Stéck Holz, dat aus Europa huet misse erbäibruecht ginn, bis hin zu Lokomotiven an Eisebunne fir den Transport (déi hirersäits nees Kuel a Waasser gebraucht hunn).

Wärend den 10 Joer, déi de Schantje gedauert huet, sollen eng annerhallef Millioun Leit, an der Haaptsaach Egypter, do geschafft hunn. De 17. November 1869 konnt de Kanal ageweit ginn. De Bau hat 426 Mio. Francs kascht.[4]

Am Ufank war de Betrib vum Kanal onrentabel. 1870 koumen z. B. just 4 Millione Francs eran, an Egypten, dat en Deel vum Kapital vun der Compagnie universelle hat, stoung kuerz virun der Faillite. 1875 huet Groussbritannien em seng Parten ofkaf a konnt sou endlech beim Kanal, deem säi Bau et net verhënnere konnt, matschwätzen. 1882 koum et zu Protester géint de britteschen Afloss, wouropshi Groussbritannien Egypte besat huet.

Den 29. Oktober 1888 gouf de Suezkanal duerch d'Konventioun vu Konstantinopel zu enger neutraler Zon erkläert, duerch déi Handels- a Krichsschëffer hunn däerfe fueren. D'Birte goufen offiziell Schutzmacht vum Kanal.

1922 gouf d'brittescht Protektorat ofgeschaaft an d'Kinnekräich Egypte gegrënnt. D'Kanalzon blouf awer ënner brittescher Kontroll.

De 26. Juli 1956 huet den egytpesche President Gamal Abdel Nasser de Kanal verstaatlecht, 12 Joer ier d'Konzessioun ofgelaf war. Et koum zu der Suezkris. Den 29. Oktober 1956 hunn israeelesch, brittesch a franséisch Truppen Egypten ugegraff. Nodeems och d'UNO, d'USA an d'Sowjetunioun agegraff hunn, war de Konflikt séier eriwwer.

Am Krich vu Sechs Deeg huet Israel den 9. Juni 1967 d'Sinai-Hallefinsel eruewert an d'Kanalzon op den zwou Säiten ënner seng Kontroll bruecht. De Kanal war ewell déi nei Grenz tëscht Israel an Egypten a war fir de Verkéier gespaart. Nom Jom-Kippur-Krich hunn d'Egypter de Kanal zeréckeruewert, soudatt en am Juni 1975 nees opgoe konnt.

Zanter dem August 2014 gëtt en Deelkanal gebaut an de Kanal méi breet gemaach, fir datt vun 2015 un de Verkéier an zwou Richtunge kann zirkuléieren.[5]

Bauwierker um Kanal[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bey, Voisin Le canal de Suez (7 volumes + 1 atlas), Dunod, Paräis, 1902.
  • Bory, Paul Les grandes entreprises modernes, Alfred Mame et Fils, éditeurs, Tours (Frankräich), 1890; S. 11-87.
  • Montel, Nathalie Le chantier du Canal de Suez (1859-1869), Presses de l'Ecole Nationale des Ponts et Chaussées, Paräis, ISBN 2-85978-299-0, 1998.
  • Prieur, Ph. La protection des risbermes du canal de Suez par revêtements bitumineux [1. Deel], an "Travaux", November 1955, n. 253.
  • Prieur, Ph. La protection des risbermes du canal de Suez par revêtements bitumineux [2. Deel], an "Travaux", Dezember 1955, n. 254.
  • Reverdy, Georges Les Travaux Publics en France 1817 - 1847, Presses de l'Ecole des Ponts et Chaussées, Paräis, ISBN 2-85978-383-0, 2003; S. 217-228, 361-372.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Suezkanal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Website vun der Suez Canal Authority Gearchiveerd op 2009-03-22. Gekuckt de(n) 2014-10-28.
  2. Suez-Kanal auf aegypten-magazin.de
  3. Brief Yearly Statistics
  4. op Structurae
  5. http://www.theguardian.com/world/2014/aug/05/egypt-build-new-suez-canal