Dréibréck El Ferdan

Vu Wikipedia
D'Dréibréck El Ferdan

D'Dréibréck El Ferdan ass eng Eisebunns- Dréibréck iwwer de Suezkanal ongeféier 14 km vun Ismailia ewech an Egypten. D'Bréck gouf 2001 an Déngscht gestallt. Virdru gouf et op dëser Plaz schonn zwou Brécken. Déi éischt gouf 1954 gebaut an 1963 duerch eng nei Bréck ersat. Dës gouf 1967 am Krich mat Israel zerstéiert.

Et ass eng stole Bréck déi aus Gerberträgeren zesummegebaut ass (Cantileversystem mat enger orthotropescher Plack). Mat enger Héicht vu 60 Meter an enger Längt vu 640 Meter ass et déi gréisst Dréibréck vun der Welt. D'Feldwäite sinn 150 m – 340 m – 150 m. Si besteet aus zwéi beweeglechen Deeler déi all Kéier op Dréikränz dréien déi op den zwéin Uwännere vum Kanal stinn.

D'Bréck gouf am Optrag vun der Nationaler Egyptescher Eisbunnsgesellschaft gebaut. De Bau vun der Bréck huet eng Verbesserung vum Transport op der Sinaihallefinsel mat sech bruecht. Si mécht d'Verbindung tëscht dem Eisebunnsnetz am Weste vum Kanal, tëscht Kairo an dem Mëttelmier, an dem Netz am Osten, soudatt d'Schinnennetz erëm ka bis op El-Arish am Nordosten a Sharm El-Sheikh am Süddoste befuer ginn.

Si gouf de 14. November 2001 vum President Mubarak fir de Verkéier opgemaach.

  • Den Entworf an de Plang vum Drowierk ass vun der Weyer beratende Ingenieure GmbH vun Dortmund.
  • Den technesche Beroder vun de Bauhäre war den Halcrow Group e weltwäite Spezialist fir Infrastrukture vu London.
  • Bréck gouf duerch eng Associatioun vu BESIX vu Bréissel, déi ënner anerem den Atomium gebaut hat, a Krupp Stahlbau Hannover gebaut.
  • D'Lagere vum Dréisystem si vun der DIAMANT Gesellschaft für Metallplastic mbH vu Mönchengladbach
  • Spezielle Beroder war d'Firma Mott MacDonald vu Croydon an England

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]