Op den Inhalt sprangen

Kim Dae-jung

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kim Dae Jung)
Kim Dae-jung
Gebuer 6. Januar 1924
Gestuerwen 18. August 2009
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Südkorea
Aktivitéit Politiker, Journalist

De Kim Dae-jung, gebuer den 3. Dezember 1925 als Kin Daichū op der Insel Hauido (deemools Japanescht Keeserräich, haut Südkorea) a gestuerwen den 18. August 2009 zu Seoul, war e südkoreanesche Politiker.

Hie war laang Zäit Leader vun der Oppositioun, ier en 1998 de Kim Young-sam als President vun der Republik Korea (Südkorea) ofgeléist huet. Hie war bis 2003 an deem Amt.

2000 krut hien de Friddensnobelpräis fir seng Beméiungen, d'Relatioune mat Nordkorea ze verbesseren.

  • Kim, Dae-jung: Mein Leben, mein Weg. Autobiografie des Präsidenten der Republik Korea. Aus dem Koreanischen übertragen von Chei Woon-jung, Frankfurter Allg. Buch, Frankfurt am Main 2000, Paralleltext a koreanescher Schrëft, ISBN 3-933180-71-6 (Autobiographie).
Commons: Kim Dae-jung – Biller, Videoen oder Audiodateien